Just ZweetgewieltenJos Schummer bleift awer Buergermeeschter zu Biissen

De Schäfferot zu Biissen steet fest. De Jos Schummer (CSV) bleift Buergermeeschter. De Fränk Clement behält säi Schäffe-Posten, Carlo Mulbach nei derbäi.

Fir d'éischte Kéier waren d'Biisser Leit e Sonndeg am Proporzsystem wielen: d'CSV hat just eng Biergerlëscht als Konkurrent, déi op 5 Sëtz am neien Conseil kënnt. D'CSV konnt 6 Sëtz an 52% fir sech verbuchen.

D'CSV war sech selwer mat sech selwer eens a regéiert an der absoluter Majoritéit: Buergermeeschter bleift de Jos Schummer, deen hannert dem David Viaggi vun der Biergerlëscht nëmmen deen Zweeten e Sonndeg gouf mat engem Ecart vun 130 Stëmmen.

Schäffe bleift de Fränk Clement, deen Drëttgewielte gouf, zweeten Schäffe gëtt de Carlo Mulbach, deen nei am Gemengerot dobäi ass.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.