Viichten: Kritik vum ÉischtgewieltenJean Colombera gëtt als Zweetgewielte Buergermeeschter

Mam Éischtgewielte Luc Recken hätt d'Equipe ronderëm de Jean Colombera awer net geschwat, wat an engem Communiqué kritiséiert gëtt.

© RTL Télé Lëtzebuerg
An der Gemeng Viichten si se sech e Mëttwoch eenz ginn, wéi eng Persounen an de nächste Joeren d'Verantwortung iwwerhuele sollen. De Jean Colombera iwwerhëlt de Poste vum Buergermeeschter. 1. Schäffe gëtt de fréiere Buergermeeschter Camille Scheuren. 2. Schäffe gëtt d'Rita Junk-Reuter.

De Luc Recken war als Éischtgewielten aus de Gemengewahlen erausgaangen. Hien hat 339 Stëmme kritt, de Jean Colombera war op 328 Stëmme komm.


Wahlen Resultater


En Donneschdeg de Mëtteg huet de Luc Recken, Éischtgewielten an der Gemeng, an engem Communiqué reagéiert. Hie wier iwwer d'Press gewuer ginn, datt d'Poste vum Schäfferot besat goufen. D'Equipe ronderëm de Jean Colombera hätt net mam Luc Recken am Virfeld geschwat.

Gudde Mëtten

Ech wëll iech informéieren, dass ech zu kengem Moment vun der Equippe Colombera gefrot se ginn, fir eng Koalitioun an ech et gewuer si ginn, duerch d'Press, dass de Buergermeeschterposten, 1 an 2 Schäffen gestëmmt gi sinn, vu 5 Persounen a net vum ganzen Gemengerot.

Grad den Här Colombera deen sech jo ëmmer fir Demokratie asetzt, och op nationalem Plang, fannen ech dat komesch.

Et deet mir nëmme Leed fir Bierger aus der ganzer Gemeng, dass och hiren Wielerwëllen net ëmgesat ginn ass an ech mech net kann sou asetze fir si, wéi ech dat gären gemeet hätt.

MBG

Recken Luc



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.