IechternachAccord CSV-LSAP, Raymond Becker verzicht op säi Mandat

De Conseil communal vun Iechternach huet e Mëttwoch den Owend annoncéiert, datt ee sech eens wier, fir eng Koalitioun fir d'Period 2017-2023 ze forméieren.

Yves Wengler© RTL-Archiv
D'CSV an d'LSAP di sech deemno zesummen.

Buergermeeschter bleift den Yves Wengler vun der CSV, dee bei dëse Wahlen nach emol e Plus vun 494 Stëmmen errescht huet.

De Poste vum 1. Schäffen gëtt un den Zweetgewielten, de Ben Scheuer (LSAP) an de Poste vum 2. Schäffen geet un de Fënneftplacéierten, de Luc Birgen (LSAP), deen e Plus vun 245 Stëmmen par Rapport vun 2011 hat.

Bei de Gemengewahlen e Sonndeg haten CSV, déi Gréng an och d’LSAP allen 3 hir Sëtz behal. D’Parteien haten all bäigeluecht well eng Biergerlëscht, déi viru 6 Joer nach matgemaach hat, dës Kéier net matgaangen ass.

En definitive Kontrakt gëtt an den nächsten Deeg ënnerschriwwen. Déi Iechternacher Gréng soe sech enttäuscht, datt weder déi eng nach déi aner Partei de Courage fir e Wiessel an der Abteistad haten. Dobäi hätten déi Gréng do dat 5. bescht Resultat aus dem Land gemaach.


Wahlen Resultater


PDF: De Koaltiounsaccord tëscht CSV an LSAP Iechternach

PDF: Schreiwes vun der DP Iechternach

Pressecommuniqué vun Déi Gréng

Analyse Walen 2017

  • Mir soen dem Wieler villmools Merci fir säi  Vertrauen um 8. Oktober. Mat engem Plus vun 1,5% gi mer gestäerkt aus dëse Wahlen eraus. Mir hu mat 2266 déi meeschte Lëschtestëmme gemaach. Dëst weist eis, datt de Wieler Vertrauen an eis Equipe an an eise Programm huet.
  • Mir sinn houfreg als gréng Eechternoach dat 5.-bescht Resultat ënnert de grénge Lokalsektiounen aus dem Land gemaach ze hunn.
  • Enttäuscht si mir doriwwer, datt weder CSV nach LSAP de Mutt fir e Wandel an Eechternach hunn.

Eis gewielte Mandatairen:

  • De Raymond Becker huet entscheet, sech zeréckzezéien. Säi Mandatsverzicht leede mer integral als Attache weider. D’Sektioun bedauert des Entscheedung: No sengem exemplareschen Engagement an der Zivilgesellschaft huet säi perséinlecht Resultat net nëmmen hien, mee all eis Membere enttäuscht. Déi ganz Equipe steet hannert senger Entscheedung.
  • Niewent dem Max Pesch an dem Christiane Dieschbourg réckelt domat d’Carole Zeimetz no. Domat stelle mir déi zwee eenzeg weiblech Mandatairen am Gemengerot.

Mir huelen domat eis Roll an der Oppositioun am Gemengerot un a kënnegen eng konstruktiv awer kritesch Aarbecht am Sënn vun Eechternach un.

Déi gréng Eechternoach

12.10.2017

Reiwereien hannert de Kulissen

Zu Iechternach ginn also déi zwou Parteie mat de meeschte Stëmmen, déi zwee Koalitiounspartner vu bis ewell CSV an LSAP, an déi nächst 6 Joer. Do kéint ee mengen, et wier alles sou wäit an der Rei. Ma hannert de Kulissen ass et an der Abteistad an de leschte Deeg awer, wéi een héiert, zu Reiwereie komm. An zwar Reiwereien tëscht der CSV an deene Gréngen, déi sech eppes aneres fir dës Mandatszäit virgestallt haten. Et geet Rieds vun aggressive Gespréicher an datt déi Gréng der LSAP de Buergermeeschterposte fir de Spëtzekandidat an Zweetgewielte Ben Scheuer proposéiert hunn, fir esou d’CSV z’ëmgoen. Eng CSV, déi sech also géint Gréng a fir d’LSAP entscheet huet.  

Et schéngt awer och intern nach Gespréicher bei deene Gréngen ze ginn. Iwwert de Contenu awer gëtt sech zimlech bedeckt gehalen. Diskussiounsbedarf kéint et ginn, firwat déi zwee Spëtzekandidate Raymond Becker a Carole Zeimetz net déi meeschte Stëmme vun der Lëscht kruten.

Raymond Becker mécht Plaz fir d'Carole Zeimetz
"Ech zéien d'Konsequenzen aus dem Resultat vun de Gemengewalen. Ech war Spëtzekandidat, hunn awer 10% u Stëmme verluer; dofir maachen ech de Wee fräi fir en Neiufank bei den Iechternacher Gréngen": Ënnert anerem dat sot de Raymond Becker am RTL-Interview, ier hien dat heiten annoncéiert huet:

Raymond Becker: Ech wäert mäi Mandat net unhuelen. Dat ass mäin 1. Grond, well ech meng politesch Konsequenzen zéien. Zweete Grond ass deen, dass ech mech op Dossieren engagéiert hunn, déi anscheinend fir de Wieler bei der Wahl keng Roll gespillt hunn. Dat ass eppes, wou ech mir selwer och Froe stellen, ob ech do vläicht Feeler gemaach hunn, ob et déi falsch Dossiere waren. An den drëtten a leschten Deel, deen ass och ganz wichteg! Duerch mäi Verzicht maachen ech de Wee fräi fir eng dynamesch Fra, déi an de Gemengerot erakënnt, an déi och e bëssen d'Zukunft vun deene Gréngen hei zu Iechternach duerstellt. Et geet elo a Richtung 2023.

De Raymond Becker mécht Plaz fir d'Carole Zeimetz


Woumat d'4.-Gewielt Carole Zeimetz gemengt ass!


Raymond Becker - Mäin Mandatsverzicht:

Eng perséinlech Erklärung.

Fir d’éischt mol deene Wieler*innen e Merci déi mir an eisem Team bei de Walen vum leschte Sonnden d’Vertrauen geschenkt hunn.

Ech well bewosst des schrëftlech Deklaratioun maachen fir keng onnëtz a falsch Interpretatiounen opkommen ze loossen.

Ech verzichten op mäin Mandat als Gemengeconseiller zu Echternach.

Ech hunn den 8. Oktober als Spëtzekandidat vun eisem Team 10% manner Stemmen kritt wéi 2011. Och doduerch hu mer eist Ziel an dëse Schäfferot ze kommen verpasst. Ech iwwerhuelen heifir déi politesch Responsabilitéit. Dat ass den éischte Grond vum mengen Verzicht.

Meng Aktivitéiten fir Echternach teschend 2011 an 2017 gefouert mat aller Energie déi ech hat, wou ech iwwerzeegt bleiwen dat se vun Bedeitung fir eng gutt an engagéiert Zukunft waren, wéi néi inhaltlech an organisatoresch Impulser am Tourismus ginn ze hunn, Bierger*innen zesummeféiere fir d’Kulturpolitik méi oppen a populär ze gestalten, de Stadmarketing initiéiert ze hunn fir d’Stad no bannen an no baussen méi kohärent a modern ze presentéiere, seriö Strukturen an en entwécklungspolitesche Projet bruecht ze hunn oder am Gemengerot mäin Bescht ginn ze hunn, waren fir Bierger*innen keng walentscheedend Themen. Si hunn beim Wielerwëllen keng Roll gespillt. Ech zéien doraus och meng Réckschlëss. Dat ass den zweete Grond vun mengem Verzicht.

E ganz wichtege Grond ass awer och, dat duerch mäin Verzicht eng weider dynamesch Fra an de Gemengerot kennt. Dee Wee fräi maachen fir 2023, e kloert a gutt Zeechen.

Ech war bei mengen 6. Wahlen fir e Gemengerot immens houfreg an esou engem Team hunn däerfe matzemaachen. Si wäerten Spuren hannerloossen an deem wat elo op des Gemeng zoukënnt. Do sinn ech secher.

E grousse Merci un all déi mat deenen ech hunn däerfen an de läschte 6 Joer zesummen schaffen. Si wëssen dat mäin Temperament, mat all mengen Ecken a Kanten, ëmmer fir des Stad do war.

Mäin Engagement an der Zivilgesellschaft (et gi lo 50 Joer) geet weider, no mengen Wäerter an Iwwerzeegungen, iergendwou.

Adelante *

Raymond Becker

12.10.2017

* Adelante (no fir)

Den internen mot-code vun eisem Team an dëser Walcampagne.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.