StauséigemengBuergermeeschter bleift de René Michels

An der Commune du Lac de la Haute-Sûre ännert sech um Poste vum Buergermeeschter näischt, bei de Schäffe kënnt et zum Splitting.

De René Michels bleift deemno Buergermeeschter an och beim 1. Schäffe bleift alles beim Alen, op deem Posten ass weiderhin de Francis Schon, deen och Zweetgewielten ass.
 
E Splitting gëtt et beim 2. Schäffen. Den Nico Majerus, de Véiertgewielten, bleift op deem Posten bis den 30.6.2020, duerno iwwerhëlt dann de Marco Koeune, dee bei dëse Gemengewahle 24 Stëmme méi kritt hat.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.