Weiler zum TurCécile Hemmen behält Buergermeeschterposten

Op Twitter huet d'Cécile Hemmen gepost, datt si hire Posten als Buergermeeschtesch behält. De Vincent Reding, als Éischtgewielten, kritt e Schäffeposten.

© RTL Archivbild



De Vincent Reding kritt e Schäffeposten zu Weiler zum Tur. Mat 25 Joer hat hien um Wahlsonndeg ronn 60 Stëmme méi krut wéi d'Buergermeeschtesch Cécile Hemmen, déi hire Poste awer behält.



De Carlo Ernst, dee scho Member vum Schäfferot war, koum op déi véiert Plaz.



Wéi et um Donneschdeg de Moie vun der Cécile Hemmen eis géintiwwer heescht, wier dës Decisioun no engem gudden Austausch an engem ganz demokratesche Vote tëscht de Gewielte gefall.

E Mëttwoch nach hat d'CSJ an engem Schreiwes verlaude gelooss, datt een et géif begréissen, wann de Wielerwëlle kéint respektéiert ginn an de Vincent Reding déi Verantwortung géif kréien, déi de Wieler him zougesprach huet.

Verantwortung fir de Vincent Reding

Alea iacta est – De Würfel ass gefall. Mat engem excellente Resultat vu 729 Stëmmen bei nëmmen 1.329 ageschriwwene Wieler huet de Vincent REDING (25) sech bei senger 1. Kandidatur mat 63 Stëmmen virun der aktueller Buergermeeschtesch Cécile Hemmen (61) an der Gemeng Weiler-la-Tour (op Lëtzebuergesch Weiler zum Tuerm) duerchgesat.

Mam Zil sech als Jonken fir seng Gemeng an hir Bierger ze engagéieren krut hien vun de Weiler Bierger hiert Vertrauen méi wéi däitlech ausgeschwat.

Aus dësem Grond appelléiert d’CSJ un déi aktuell Buergermeeschtesch Cécile Hemmen esou wéi un all déi aner Leit aus dem Schäfferot, dat méi wéi däitlecht Resultat ze respektéieren an dem Vincent REDING déi Verantwortung ze iwwerdroen déi de Wieler him zougesprach huet.

Matgedeelt vum CSJ Nationalcomité


Deem ass dann elo awer net sou.

De Vincent Reding ass weider houfreg ob säi Resultat, betount awer och, datt et vill Diskussioune goufen. am Gemengerot krut hie keng Majoritéit. Et gi jo 9 Leit an dee Gemengerot gewielt, an do gouf d'Decisioun dann och zesumme geholl.

De Vincent Reding ass optimistesch



Et wäert eng gutt Erfahrung sinn am Schäfferot ze sinn, präziséiert de Vincent Reding. Fir hien ass et d'Méiglechkeet d'Gemeng nach besser kennen ze léieren, en Abléck a verschidden Dossieren ze kréien an dann ze kucken, wat d'Zukunft bréngt.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.