FielsNatalie Silva gëtt nei Buergermeeschtesch an der Fiels

An der Fiels gëtt d'Natalie Silva nei Buergermeeschtesch. Den 1. Schäffe gëtt den 3. Gewielten Nico Dahmen. Zweete Schäffe gëtt de Joël Weis (5.Gewielten).

An der Fiels iwwerhëlt d’Nathalie Silva wéi erwaart fir déi nächst 6 Joer d’Successioun vum Pierre Wies um Buergermeeschterposten. De Pierre Wies an den 2. Schäffe ware bei de Gemengewahlen net méi ugetrueden. Neien 1. Schäffe gëtt den aktuelle Conseiller Nico Dahmen. De Poste vum 2. Schäffen geet, nom Vote am nei gewielte Gemengerot, un de Joël Weis. Hien hat sech dëst Joer eng éischte Kéier fir d’Gemengewahlen an der Fiels opgesat.

Den Zweetgewielte Mirko Martellini gouf net bei der Zesummesetzung vum Schäfferot berücksichtegt.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.