Koalitioun WëntgerThommes Buergermeeschter, Éischtgewielte Weber net derbäi

Och an der Gemeng Wëntger si se sech eens. Do regéiert déi nächst 6 Joer eng CSV-DP-Koalitioun.

Buergermeeschter bleift deemno de Marcel Thommes vun der CSV. De Poste vum éischte Schäffe geet un den Alex Thillens vun der DP an zweete Schäffe gëtt de Luss Meyers vun der CSV.



Koaltioun Wëntger: De Reportage vum Ben Frin.


Dee Mann, mat deene meeschte Stëmme gëtt zu Wëntger also net Buergermeeschter an och net Schäffen, seng Partei, d'LSAP konnt ee Sëtz bäiwannen a mat der CSV gläichzéien. Do kann een alt erëm d'Fro nom Wielerwëlle stellen, och wa jo nom Proporzsystem d'CSV-DP-Koalitioun di meeschte Stëmme kruten.

Kuerz nom Wahlresultat koum et zu enger Versammlung, déi "katastrophal gelaf a bal eskaléiert ass", esou den Éischtgewielte Carlo Weber. "Ech krut do wuertwiertlech gesot, ech hätt net déi Aarbecht gemaach, déi ech hätt sollen."

Den CSV-Buergermeeschter Marcel Thommes gesäit dat Ganzt e bëssen anescht, d'LSAP hätt selwer proposéiert, dass hien de Buergermeeschterposte behält an dass si dann déi 2 Schäffe stellen, woumat d'CSV awer net averstane war.

D'LSAP hätt och nach e Splitting proposéiert, de Buergermeeschterposten also souzesoen ze deelen, och dat war bei der CSV keng Optioun. Fir de Carlo Weber ass kloer, firwat d'CSV sech zu Wëntger géint d'LSAP decidéiert huet. Wa se weider mat hinne géinge schaffen, wier de Risiko grouss, dass se d'nächst Kéier "weg vom Fenster" wieren.

Wielerwëllen oder net Wielerwëllen. Fir d'CSV ass d'Saach kloer: "Déi Partei, wou ech sinn, déi huet déi meeschte Stëmmen, d.h. si hat däitlech den Optrag kritt, fir de Schäfferot ze forméieren ... a mat de Konditioune vun der LSAP konnte mer net d'Accord sinn."


Hei de Communiqué vun der Wëntger CSV an DP:

No Gespréicher ënnert den Parteien CSV, DP an LSAP, sënn d’Vertrieder vun der CSV-Wëntger an der DP-Wëntger zum  Accord kommen fir Koalitiounsverhandelungen opzehuelen.

Buergermeester gëtt den Marcel Thommes (CSV)

1.ten Schäffen gëtt den  Alex Thillens (DP)

2.ten Schäffen gëtt den Luss Meyers (CSV)



Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.