GarnechDe Georges Fohl bleift Buergermeeschter

Zu Garnech bleift de Georges Fohl déi nächst 6 Joer Buergermeeschter. 1. Schäffe gëtt d'Marie-Josée Glodt-Dondlinger, 2. Schäffe gëtt den Arsène Muller.

An der Majorzgemeng Garnech, mat den Dierfer Duelem, Héiweng a Koler, steet deemno de Schäfferot: Buergermeeschter bleift de Georges Fohl, deen och Éischtgewielten e Sonndeg war.

Éischt Schäffen gëtt d'Marie-Josée Glodt-Dondelinger, iwwerdeem deen zweete Schäffeposten fir den Arsène Müller ass, déi sech och als Zweet an Drëtt e Sonndeg placéiert haten.

Et un gouf sech also un de sougenannte Wielerwëlle gehalen.

Net manner wéi 16 Kandidaten hate sech zu Garnech fir déi 9 Mandater gemellt.

De Gemengerot besteet dann aus folgende Leit:

FOHL Georges

GLODT-DONDLINGER Marie-Josée

MULLER Arsène

HIRSCH-NOTHUM Karin

DONDLINGER Lou

BACKENDORF Serge

FISCHER-FANTINI Sonia

DRUI-MAJERUS Yolande

URBANZICK Sascha


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.