DippechKoalitiounsaccord tëscht LSAP an DP ënnerschriwwen

D'Manon Bei-Roller vun der LSAP bleift Buergermeeschtesch.

Vu lénks no riets: Max Hahn, Manon Bei-Roller, Jean-Paul Bleser © Gemeng Dippech

Vun Dippech ass et um Samschdeg d'Nouvelle, datt d'LSAP an d'DP hir Koalitioun weider féiere wëllen an en Accord fir déi nächst 6 Joer ënnerschriwwen hunn. Am Schäfferot sëtzen déi 3 Éischtgewielten: Dat ass d'Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller, den 1. Schäffe Max Hahn an den 2. Schäffe Jean-Paul Bleser.

PDF: Schreiwes vun der Gemeng Dippech

D'"Biergerinitiativ Gemeng Dippech" hat sech e Freideg zu Wuert gemellt. Si hunn an engem Communiqué bedauert, dass d'LSAP Sektioun Dippech an d'Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller bis dohinner net versicht hätten, fir Sondéierungsgespréicher respektiv Koalitiounsverhandlunge mat der Biergerinitiativ opzehuelen.

PDF Schreiwes vun der Biergerinitiative Dippech (27. Oktober 2017)

© Gemeng Dippech


RTL-NEWS: Dippech: Biergerinitiativ ... waart op Koalitiounsgespréicher



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.