No 27 Joer ass SchlussAli Thull hëlt säi Mandat am Gemengerot zu Hesper net un

Den Ali Thull vun der DP geet net méi mat an den neie Gemengerot zu Hesper. Hie mécht Plaz fir den Henri Pleimling, dee fir hien noréckele wäert.

No de Gemengewahlen an nodeems d'DP zu Hesper net méi an der Majoritéit vertrueden ass, huet de laangjärege Schäffen Ali Thull annoncéiert, säi Mandat am neie Gemengerot net unzehuelen.

Den Ali Thull war zanter 1990 am Gemengerot an zanter 2000 am Schäfferot -  dat ëmmer an der Majoritéit.

"Mat dësem Schrëtt erméiglechen ech no bal 3 Joerzéngte Gemengepolitik - an dat ëmmer an der Majoritéit - menge Kollegen aus der DP Fraktioun en Neiufank an der Oppositioun. Ech wënschen hinnen alles Guddes op deem Wee duerch d'Oppositioun a bleiwe selbstverständlech mat menger Erfarung eisem DP Comité zu Hesper erhalen."

Noréckele wäert den Henri Pleimling, President vun der Basketball Federatioun, deen als véiert-Gewielten op der DP-Lëscht aus de Gemengewahlen ervirgaangen ass.

Henri Pleimling



Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.