Gemeng Lenneng5.-, 6.- a 7.-Gewielte bilden neie Schäfferot

Den Arnold Rippinger bleift Buergermeeschter, well hien eng Majoritéit am Gemengerot huet. Den Éischtgewielten Dan Hoffmann gouf net berécksiichtegt.

Deen neien an ale Buergermeeschter: de Fënneftgewielten Arnold Rippinger.
Um Méindeg den Owend sinn d'Wierfel dann och an der Gemeng Lenneng gefall, an enger Majorzgemeng ... déi iergendwéi awer och schonn e bëssen nom Proporzsystem funktionéiert:

Well d'Equipe vum ale Buergermeeschter Arnold Rippinger 6 Kandidaten an de Gemengerot gewielt krut, huet déi do déi absolut Majoritéit ... a kann decidéieren. Zu Lenneng gëtt et nämlech just 9 Mandater, fir "Oppositioun" ze maache bleiwen der also just dräi.

Net zu der Equipe vum Buergermeeschter mat 9 Kandidaten hu 5 aner Kandidate gehéiert, vun deenen der 3 gewielt goufen: Den Dan Hoffmann krut déi meeschte Stëmmen a gouf Éischtgewielten, den Daniel Gillen gouf Zweetgewielten an de Robert Back gouf Véiertgewielten.

Esou gouf zu Lenneng gewielt.

"Dat war e super Resultat", esou den Dan Hoffmann, dee sech ausgerechent hat, am Schäfferot mat engem oder esouguer zwee Poste vertrueden ze sinn, ëmmerhin hätt ee mat de Plazen 1, 2 a 4 e ganz gudde Score gemaach. Hie verweist op de Wielerwëllen, deen an der Lescht jo vill thematiséiert gi wier, a fënnt deen zu Lenneng net richteg respektéiert.

Den Éischtgewielten Dan (Daniel) Hoffmann: keng Plaz am Schäfferot.


Wéi e Méindeg iwwert d'Zesummesetzung vum Schäfferot ofgestëmmt gi wier, wier et wéi am Tennis ausgaangen: 6:3, 6:3, 6:3 an dat Ganzt hätt just 5 Minutte gedauert.

Mam Resultat: Buergermeeschter gëtt de Fënneftgewielten Arnold Rippinger, 1. Schäffe gëtt de Sechstgewielte Joël Wagener an 2. Schäffen de Siwentgewielte Marc Thill.

D'Leit op de Plazen 1, 2 a 4 koumen net zum Zuch, well d'Majoritéit géint si war.

Commentaire vum Luc Marteling: All Stëmm zielt! Lektioune vu Leideleng a Wormer.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.