Gemeng BetzderAus der Koalitioun Gréng/LSAP gëtt elo awer näischt

Um spéiden Dënschdeg den Owend hunn d'Sozialiste vu Betzder matgedeelt, datt si keng Vertrauensbasis fir eng Zesummenaarbecht méi géife gesinn.

Et war eng vun den éischte Koalitiounen, déi fix war: Zu Betzder ware sech nach um Wahlowend déi Gréng an d'LSAP iwwer eng Koalitioun eens ginn an haten och hir Ënnerschrëften drënnergesat.

10 Deeg méi spéit gëllt dat awer net méi, den Accord gouf elo gekënnegt.

Zu Betzder hu jo déi 3 Parteien CSV, Gréng an LSAP jeeweils 3 Sëtz, kënnen also ëmmer zu zwee eng Majoritéit maachen. D'DP kënnt op zwee Sëtz.

Blo a Schwaarz hate jee ee Sëtz verluer, allebéid hat d'LSAP krut.

Esou gouf zu Betzder gewielt.

Virdru war et do eng gréng-blo Koalitioun, aus Gréng-Rout gëtt dann elo mol näischt ...

D'LSAP huet sech zréck gezunn aus der Majoritéit, dat, well kee richtegt Vertrauen do wär fir zesummenzeschaffen. Déi Gréng weise sech erstaunt. En Dënschdeg den Owend, wéi een u sech wollt iwwert de Programm verhandelen, hätten d'Sozialisten den Accord mëndlech gekënnegt, si hätte kee Mandat méi vun der Basis.

Elo muss also nei verhandelt ginn.


Hei de Communiqué vun der LSAP Betzder, verschéckt vum Éischtgewielte Jean-François Wirtz:


Hiermit teilt die LSAP Betzder mit, dass sie heute Déi Greng Betzder mitgeteilt hat, dass sie die Koalitionsvereinbarung welche am Wahlabend zwischen den beiden Parteien unterzeichnet wurde, aufgekündigt hat. Dies weil die LSAP feststellen musste, dass keine vertrauensvolle Grundlage einer Zusammenarbeit möglich ist.

Déi Gréng vu Betzder reagéieren mat engem Communiqué um Mëttwoch de Moien:

Déi gréng Betzder und die LSAP sind mit jeweils 3 von den 11 möglichen Mandaten aus den Wahlen hervorgegangen. Am Wahlabend einigten sich beide Parteien, nach Rücksprache mit ihrer jeweiligen Basis, ein Koalitionsabkommen zu treffen. Am selben Abend wurden Programminhalt und Dauer der Mandate schriftlich festgehalten und von den jeweils drei Erstgewählten beider Parteien unterschrieben.

Am Abend des 17 Oktobers, sollten déi gréng Betzder und die LSAP sich zu einer programmatischen Arbeitssitzung zum Koalitionsabkommen treffen. Vier Vertreter der LSAP, darunter die 3 gewählten Vertreter der Sektion erschienen, um nach einer kurzen Verlautbarung das Abkommen mündlich aufzukündigen und den Saal zu verlassen. Sie erklärten kein Mandat mehr von ihrer Basis zu haben und weigerten sich weitere Gespräche mit déi gréng Betzder zu führen.

Auf einen Versuch einer erneuten Kontaktaufnahme seitens déi gréng erfolgte keine Reaktion der LSAP.
Diese einseitige Aufkündigung einer schriftlichen Koalitionsvereinbarung ist nicht bloß ein Wortbruch gegenüber déi gréng, sondern lässt auch erahnen, wie die LSAP es wohl in Zukunft mit ihren Wahlversprechen zu halten gedenkt.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.