Gemeng RëmelengLSAP-KPL-Koalitiounsaccord, d'ADR weist sech irritéiert

E Mëttwoch den Owend si sech an der Gemeng Rëmeleng d'LSAP an d'KPL iwwert e Koalitiounsaccord eens ginn.

Den Henri Haine vun der LSAP bleift zu Rëmeleng Buergermeeschter. 1. Schäffe gëtt d'Viviane Biasini vun der LSAP an 2. Schäffe gëtt den Edmond Peiffer vun der KPL.

Bei de Wahlen hat d'LSAP 2 Sëtz verluer an huet der elo nach 5. D'CSV hat ee gewonne a kënnt elo op 4 Sëtzt. D'KPL an d'DP kruten kommen op 1 Sëtz.

Reaktioun vun der ADR: "Oktoberrevolutioun zu Rëmeleng"
An den Ae vun der ADR ass de Choix fir eng LSAP-KPL-Koalitioun eng kleng Revolutioun, net nëmme well d'KPL esou laang scho kee Schäffe méi an der Gemeng Rëmeleng gestallt hätt, mä well grad d'LSAP sou en Accord ageet. D'KPL wier am absolute Widdersproch zu deem, fir wat d'LSAP steet. Extremismus an oppen EU-Feindschaft géifen an dësem Fall Hand an Hand goen.

D'ADR stellt sech d'Fro, wou do déi moralesch Integritéit vun der LSAP bleift.

PDF: Schreiwes vun der ADR: "Oktoberrevolutioun zu Rëmeleng: D’Hypokrisie vun der LSAP!"

Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.