VIDEO: Gemeng KopleschtNet viru Chamberwahlen: De Wee a Richtung Bezierk Zentrum

Se wëllen net zum Bezierk Süde gehéieren, mee zum Bezierk Zentrum.

Net viru Chamberwahlen: De Wee a Richtung Bezierk Zentrum (19.10.2017)
Dat hunn 63 Prozent vun de Wieler an der Gemeng Koplescht den 8. Oktober, den Dag vun de Gemengewahlen, an engem consultative Referendum ausgedréckt.
Dat hunn 63 Prozent vun de Wieler an der Gemeng Koplescht den 8. Oktober, den Dag vun de Gemengewahlen, an engem consultative Referendum ausgedréckt. Wat geschitt dann elo mat dem Vote a geet dat iwwerhaapt, datt eng Gemeng de Bezierk wiesselt?

D'Gemeng Koplescht, zur där de Briddel gehéiert, ass am Kanton Capellen, an dee gehéiert zum Bezierk Süden. Ee Changement un där Opdeelung géing just iwwert Gesetz, eventuell misst souguer d'Verfassung geännert ginn.

Virun de Chamberwahlen dat anert Joer géif an dem Kontext awer ganz sécher näischt geschéien, seet den Inneminister. "Déi Wahlen wäerten no den nämmlechte Konditioune wéi bis elo oflafen. Mir wëllen eis net dem Virworf aussetzen, déi nächst Wahlen ze verfälschen."

Eng Gemeng, déi de Bezierk wëllt wiesselen - dat gouf et bis elo nach ni. Vläicht ass Koplescht jo de Funken, fir méi ëmfaassend Ännerungen,  fir am Osten oder am Norden en Deputéierten an der Chamber bäizekréien?



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.