Gemeng StadbriedemesD'Octavie Modert gëtt net Buergermeeschtesch

No de Gemengewahlen gëtt d’Octavie Modert an der Gemeng Stadtbriedemes net Buergermeeschtesch.

Déi fréier CSV-Ministesch an aktuell Ost-Deputéiert schreift an engem Communiqué, dass si zwar bereet gewiescht wier, op Grond vum Wieler-Wëllen de Poste vum Buergermeeschter z'iwwerhuelen, allerdéngs hätt si a Gespréicher gemierkt, dass d’Vertrauensbasis géif feelen.

D'Octavie Modert



Si géif deemno just e Posten am Gemengerot unhuelen. D’Octavie Modert war Éischt-Gewielt zu Briedemes, mat 27 Stëmme méi wéi den aktuelle Buergermeeschter Marco Albert.

D'Octavie Modert (2)



Wa si Buergermeeschtesch gi wier, wier si dat egal wéi fir 6 Joer ginn, esou d'Octavie Modert, egal wat bei de Chamberwahlen dat anert Joer erauskënnt.


Wahlen Resultater


Hei d'Schreiwes:

Léif alleguer,

Ech wollt Iich informéiren, dat ech de Borgermeeschter nët unholle kann, aus folgende Grënn:

Iin Gemiin kann net oni déi néideg Vertrauensbasis gefouert ginn.

No Gespréicher hunn ech gesinn, dat d'Vertrauensbasis nët ginn ass.

Ech kandidéiren dohier nët méi fir de Poste vum Borgermeeschter deen ech bereet war auszeüben opgrond vum Optrag vun de Wieler, a wëll mech am Gemiinerot déi nächst sechs Jar laang aseetze fir éis Gemiin getrei dem Vertrauen vun de Wieler, diinen ech merci soen. 

mat meine beschte Gréiss,

Octavie Modert

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.