Esch/UelzechtDan Codello verléisst LSAP, wëll awer am Gemengerot bleiwen

E Méindeg huet den Dan Codello, dee fir d'LSAP am Schäfferot zu Esch souz, senger Partei matgedeelt, datt hie vum 1. November un net méi Parteimember wier.

Zu Esch schéngt et, wéi wann d'Koalitiounsverhandlungen, tëscht der CSV, déi Gréng an der DP an déi lescht Ligne droite géife goen.

Bei der LSAP iwwerdeems sténken d'Lompen. Um Méindeg war et d'Nouvelle, dass den LSAP-Schäffe vu bis elo, Dan Codello, d'Sozialistesch Partei op den 1. November verléisst. Wéi et an engem Communiqué vun der LSAP heescht, wéilt hien dono als Onofhängegen am Gemengerot siegéieren.

Dat huet eis de Betraffenen um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview confirméiert. Hie sot eis, dass hien dëse Schrëtt gutt iwwerluecht hätt. Et wier keng einfach Decisioun gewiescht, no 20 Joer aus der sozialistescher Partei zeréckzetrieden.

D'Differenze wieren awer einfach ze grouss a kéinten och net duerch intern Gespréicher, sou wéi se elo geplangt sinn, geléist ginn. Hie selwer hätt een anstännegt Wahlresultat kënnen notéieren an hätt just 130 perséinlech Stëmme verluer. Doduerch hätt hien d'Decisioun geholl, an Zukunft als Onofhängegen am Gemengerot ze sëtzen.

Op d'Fuerderung vun der LSAP, dass hie säi Mandat der Partei soll zeréckginn, ass hien net agaangen. D'Uleies vun der Stad Esch géif him jiddwerfalls och weiderhin um Häerz leien an hie wéilt eng vun deenen 19 Stëmme sinn, déi d'Stad weiderbréngen, sou den Dan Codello am Interview.

Et géife vill Erausfuerderungen op Esch duerkommen, vill Projete wieren ze realiséieren, sou dass eng onofhängeg Stëmm vun him eng wichteg Roll kéint spillen. De Reproche vum LSAP-Parteichef Claude Haagen, am Interview um 100,7, hie géif mat dësem Schrëtt eng Politik desavouéieren, déi hie matgedroen huet, léisst dee Betraffenen net gëllen. Hien hätt net ëmmer alles gutt fonnt a wier net mat allem averstane gewiescht, mä hätt als Majoritéitsvertrieder vill wichteg Projete kënne matnovirbréngen a géif och weiderhin dozou stoen. Wéi hie sech wëll positionéieren, wëll den Dan Codello ofwaarden, bis déi nei Koalitioun zu Esch steet.

Aktuell lafe jo Koalitiounsgespréicher tëscht der CSV, déi Gréng an der DP. Lo Member ginn an enger anerer Partei, schléisst den Dan Codello zu dësem Zäitpunkt, eegenen Aussoen no, aus.

Duerch de Récktrëtt vum Dan Codello kënnt d'LSAP an Zukunft nach just op fënnef Sëtz am Escher Gemengerot.

RTL-Interview mam Dan Codello



LSAP weist sech iwwerrascht

Ëmmerhin hätt hien déi sozialistesch Gemengepolitik a Programmatik bis zum Schluss matgedroen. Dass et intern Spannunge bei der Escher Sektioun ginn, wier bekannt. Dës sollen awer an interne Sitzungen Uganks nächste Mount opgeschafft ginn, sou nach d'LSAP an hirem Schreiwes.

An och wann et absolut legitim ass, aus enger politescher Partei zeréckzetrieden, géif et awer keng Rechtfäerdegung ginn, dat politescht Mandat, dat op enger LSAP-Lëscht mat Ënnerstëtzung vun der Partei erreecht gouf, fir sech ze reklaméieren an als Onofhängegen am Gemengerot ze siegéieren.

Déi Escher Sektioun vun der LSAP besteet dowéinst drop, dass den Dan Codello der Partei dat Mandat zeréckgëtt.

PDF: De Communiqué vun der LSAP


Communiqué vun der Escher LSAP (op Däitsch)

Am Montag, den 23. Oktober 2017 wurde die Escher LSAP-Sektion von Daniel Codello per Einschreiben darüber informiert, dass er seine Mitgliedschaft in der LSAP zum 1. November 2017 aufkündigt. Gleichzeitig lässt er die Partei wissen, dass er sein Mandat im neugewählten Gemeinderat antreten und als
"Unabhängiger" wahrnehmen wird.

Dieser Schritt kommt für die Escher LSAP überraschend, zumal Dan Codello als verantwortlicher Schöffe und LSAP-Kandidat die sozialistische Gemeindepolitik und Programmatik bis zuletzt mitgetragen hat. Dass es Spannungen innerhalb der Escher LSAP-Sektion gibt, ist hinlänglich bekannt. Diese Spannungen sollten in mehreren internen Sitzungen Anfang November aufgearbeitet werden. Mit seinem Rücktritt entzieht sich Dan Codello dieser gemeinsamen Verantwortung.

Auch wenn es legitim ist, einer politischen Partei aus überlegten Gründen die Gefolgschaft zu kündigen, gibt es keine Rechtfertigung dafür, das politische Mandat, das auf einer LSAP-Liste, mit LSAP-Listenstimmen und der Unterstützung der Partei errungen wurde, für sich zu beanspruchen und als Unabhängiger anzutreten. Die Escher Wählerinnen und Wähler haben durch ihr Votum entschieden. Das entsprechende Mandat wurde der LSAP zugeschrieben. Nun sollte es dazu genutzt werden können, für sozialistische Politik einzutreten und den politischen Neuanfang in der Escher LSAP einzuleiten.

Deshalb fordert die Escher LSAP Daniel Codello unmissverständlich auf, das Mandat, das er am 8. Oktober auf einer LSAP-Liste erringen konnte, an die Partei zurückzugeben.

Mitgeteilt vom Vorstand der Escher LSAP am 23. Oktober 2017

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.