BetzderCSV-LSAP-Koalitioun steet, J.-F. Wirtz Buergermeeschter

D'Ost-Gemeng hat jo fir Opreegung gesuergt, nodeems d'LSAP deene Gréngen op eemol awer e Kuerf ginn hat. Elo sinn d'Wierfel dann awer gefall ...

Um Wahlowend hat jo alles no enger gréng-rouder Koalitioun ausgesinn, déi gouf dunn awer vun de Sozialiste gekënnegt, wat déi Gréng perplex gelooss huet ...

Zur Erënnerung: Éischtgewielten zu Betzder war den LSAP-Kandidat Jean-François Wirtz, stäerkst Partei war d'CSV, knapp virun deene Gréngen. Op d'Plaz 3 déi Rout, déi gutt zougeluecht haten. Allen 3 Parteie koumen op 3 Sëtz. Déi Blo, déi knapp 3 % verluer haten, hu mussen ee Sëtz ofginn a koume just nach op 2.

Esou gouf zu Betzder gewielt.

Zanter e Mëttwoch den Owend besteet dann elo Kloerheet, wéi et zu Betzder weidergeet:

CSV an LSAP si sech eens ginn, Buergermeeschter gëtt den Éischtgewielte Jean-François Wirtz vun der LSAP, 1. Schäffe gëtt de Marc Ries vun der CSV an deen 2. Schäffe gëtt gedeelt, am Ufank den Holdy Dahlem (LSAP) an duerno de Christopher Marc Lilyblad vun der CSV.

Béid Parteie sinn der Meenung, datt de Wielerwëllen esou honnertprozenteg respektéiert gouf.

Pressemitteilung 25/10/2017

Koalition auf Augenhöhe

Die CSV Sektion Betzder und die LSAP Sektion Roodt, Mensdorf, Flaxweiler haben am 24/10/2017 ein Koalitionsabkommen für die nächsten 6 Jahre unterzeichnet. Dieses Abkommen wurde am 25/10/2017 von den Mitgliedern beider Parteien in getrennten ausserordentlichen Generalversammlungen genehmigt.

Bürgermeister wird Jean-François Wirtz (LSAP).
Erster Schöffe Marc RIES (CSV).

Den Posten des zweiten Schöffen teilen sich Holdy Dahlem (LSAP) (erste Hälfte) und Christopher Marc Lilyblad (CSV) (zweite Hälfte).

Mit diesem Koalitionsabkommen ist ein starkes Fundament hergestellt für eine solide und ehrliche Politik in der sich beide Partner auf Augenhöhe treffen.

Zudem vereint diese Koalition, mit mehr als 51 % der möglichen Stimmen, die stärkste Partei (CSV) sowie den, mit 2 hinzugewonnen Sitze und dem meist gewählten Kandidaten, Wahlgewinner (LSAP), und entspricht somit auch zu 100% dem Willen des Wählers.

Zusammen freuen sich beide Parteien auf die zukünftige Zusammenarbeit, diese im Sinne aller Bürger der Gemeinde Betzdorf.

Gezeichnet Ries Marc (CSV) und Jean François Wirtz (LSAP)


Wahlen Resultater



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.