VIDEO: 36.000 Leit hunn net gewieltKeng Konsequenze fir Net-Wieler?

36.000 Wieler hunn hier Stëmm bei de Gemengewahlen de leschte Mount net ofginn. Si sinn hirer Wahlflicht deemno net nokomm.

Keng Konsequenze fir Net-Wieler? (05.11.2017)
36.000 Wieler hunn hier Stëmm bei de Gemengewahlen de leschte Mount net ofginn. Si sinn hirer Wahlflicht deemno net nokomm.
An enger Question parlementaire wollt den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry elo wëssen, ob de Parquet wëlles huet eng Lëscht ze maachen, vun deene Leit, déi net wiele waren, an dofir net entschëllegt woren. Ma dat schéngt awer net esou einfach ze sinn.

14,6 Prozent vun de Wieler, déi opgeruff waren hier Stëmm bei de Gemengewahlen ofzeginn, hunn dat net gemaach. Matt agerechent sinn do allerdéngs Persounen iwwer 75 Joer, déi net méi musse wiele goen. All déi aner sinn dem Gesetz no obligéiert eng valabel Excuse ze presentéieren.

Dem Wahlgesetz no, misst de Parquet eng Lëscht opstelle matt de Nimm vun de Persounen, déi net wiele gaang sinn an och keng valabel Entschëllegung presentéiert hunn. Si riskéieren eng Geldstrof, déi tëscht 100 an 1.000 Euro läit. Fakt ass awer, datt zanter 1964 kee méi bestrooft gouf, well en net wiele gaang ass.

Den Alex Bodry waart elo gespaant op d'Äntwert op seng Parlamentaresch Fro. Ma den Deputéierte fuerdert, datt och eemol all déi ongülteg Wahlziedele missten analyséiert ginn. Ëmmerhi ware bei de Gemengewahlen eppes méi wéi 11.000 Stëmmziedelen net gülteg. Et misst een den Ursaachen op de Grond goen, seet den Alex Bodry.

Hei d'Question parlementaire vum Alex Bodry:

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 de notre Règlement interne, je souhaite poser la question parlementaire suivante à Monsieur le Premier Ministre, Ministre d’Etat, à Monsieur le Ministre de l’Intérieur ainsi qu’à Monsieur le Ministre de la Justice.

En vertu de la loi électorale le vote est obligatoire pour tous les électeurs inscrits sur les listes électorales.

D‘après les statistiques officielles un nombre non négligeable d‘électeurs inscrits n‘ont pas participé aux dernières élections communales. Ce phénomène s‘est déjà manifesté lors des dernières élections législatives et lors du référendum de 2015.

D‘après l‘article 90 de la loi électorale le procureur d‘Etat dresse, par commune, le relevé des électeurs qui n‘ont pas pris part au vote et dont les excuses n‘ont pas été admises.

  • Le Gouvernement peut-il confirmer que le Parquet a effectivement dressé de tels relevés à la suite des dernières votations nationales ?
  • Quelles sont, le cas échéant, les indications de ces relevés ?
  • Quelles sont les conclusions que le Parquet en a tirées ?

Veuillez croire, Monsieur le Président, en l’assurance de mon profond respect.

Alex Bodry

Député


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.