VIDEO: Blo-Schwaarz an der StadSchäfferotserklärung: Net Revolutioun, mä Evolutioun

Keng Revolutioun, mä eng Evolutioun ass déi nächste 6 Joer um Knuedler z'erwaarden. Fir de blo-schwaarze Schäfferot ass d'Prioritéit Nummer 1 de Logement.

1. Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg no de Wahlen (04.12.2017)
Nei Schäfferots-Deklaratioun ass keng Revolutioun ma eng Evolutioun

Um Knuedler ass e Méindeg de Mëtteg eng éischte Kéier den neie Gemengerot beieneen. Nieft der Assermentatioun vun de Conseillere stellt déi blo-schwaarz Majoritéit hir Schäfferotsdeklaratioun vir, mam Programm fir déi nächst 6 Joer.

Schäfferotsdeklaratioun an der Stad / Reportage Pit Everling



D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet, nodeem de Gemengerot vereedegt gouf, no Vir gekuckt, d'Schäfferotserklärung huet 36 Säiten, déi grouss Suerg wier d'Cohesioun. D'Defie wieren net nei, mä et géing eng nei Determinatioun ginn.

De Fokus gëtt ënner anerem op d'Mobilitéit, d'Educatioun oder nach d'Ëmwelt geluecht, ma virun allem op den développement urbain respektiv de Logement.

De Logement ass eng vun den éischte Prioritéiten an de Schäfferot wäert alles maachen, fir engersäits besonnesch jonke Familljen et z'erlaben, fir an der Stad eng definitiv Wunneng ze fannen, dat esouwuel iwwer d'Proprietéit, wéi och iwwer de Loyer fir e bezuelbare Präis. Anersäits sinn déi sozial Logementer, déi d'Gemeng selwer baut, eng Prioritéit. D'Projets phares wieren zum Beispill dee vun der Areler Strooss an dee vu Märel.
 
D'Stad Lëtzebuerg wier dann zwar objektiv gesi ganz sécher, trotzdem géif et bei verschiddene Leit en Onsécherheetsgefill ginn an dat misst eescht geholl ginn. Dogéint wëll ee mat besserer Beliichtung vir goen, esou datt keng donkel Ecker méi entstinn. Donieft soll den Dialog an d'Zesummenaarbecht mat der Police an der Justice verbessert a verdéift ginn, esou Buergermeeschtesch. Zuel vun de Polizisten, déi der Stad Lëtzebuerg zu Verfügung gestallt ginn, mussen der Zuel vun den Awunner an der Stad ugepasst ginn.

Et wier ganz vill Aarbecht, fir dat ëmzesetzen, wat een sech virgeholl hätt. Et kéint op dat opgebaut ginn, wat an der Vergaangenheet schonn an der Märei geleescht gouf, seet déi al an nei Buergermeeschtesch Lydie Polfer, fir déi eng gewëss Kontinuitéit normal ass.

D'Oppositioun am Stater Gemengerot gesäit dat anescht an huet sech no der Declaratioun vun der Buergermeeschtesch enttäuscht gewisen. D'LSAP an déi Gréng zum Beispill vermësse komplett déi nei Elementer.
D'Handschrëft vun der CSV iwwerdeems, déi wier, wann iwwerhaapt, just beim Thema Sécherheet ze erkennen, heescht et vun der rouder a grénger Oppositioun.

Schäfferotserklärung vun der VDL / Reportage Pit Everling


LSAP-Oppositioun zitt Bilan no 6 Joer Blo-Gréng

© vdl


De Pit Everling kuckt mat engem Vetrieder vun der Oppositioun zeréck op déi leschte 6 Joer an zwar mam LSAP-Conseiller Marc Angel. Wat hat de blo-grénge Schäfferot 2011 versprach a wat konnt gehale ginn?

6 Joer Gréng-Blo aus Vue vun LSAP / Reportage Pit Everling



De 5. Dezember 2011 war vum deemolegen DP-Buergermeeschter Xavier Bettel e Programm virgestallt ginn, bei deem de Logement wuel dat zentraalt Element war. Beim Etat des lieux 6 Joer méi spéit stellt de Marc Angel fest, datt sou munch Verspriechen a puncto Wunnengsbau net konnte gehale ginn.

En Zil war et, fir méi jonk Familljen an d'Stad ze kréien, ma d'Statistike weisen, datt d'Zuel vun de Kanner ofgeholl huet. En zweete Punkt war, fir Konsequent an de bezuelbare Wunnraum z'investéieren. Do ass munches gemaach ginn, ma vun engem konsequenten Erhéije vu bezueltem Wunnraum kann een net schwätzen.

Datt Wunnengen a Büroen ëmgewandelt ginn, do gouf net vill dogéint ënnerholl. Mam neie PAG géing d'Schéier tëscht Wunnen a Schaffe weider ausernee goen, bedauert de Marc Angel.

D'Projete Stäreplaz a Porte de Hollerich wiere leider ënnergaangen a leider wier d'Stad wirtschaftlech net méi attraktiv ginn, ëmmer méi Handwierk géing zum Beispill erauszéien a beim Commerce de proximité wieren et net déi néideg Fortschrëtter ginn.

Wou Negatives ass, ass awer Positives. De Lift am Pafendall, den Investissement a méi ëmweltfrëndlech Bussen, an elo wann den Tram kënnt, d'Ofstëmme vun de Pläng tëscht Tram a Bussen. Do ass dem Marc Angel no eng zimlech seriö Aarbecht gemaach ginn.

Besonnesch bei den Dossiere vun deene Grénge wier de Wëllen do gewiescht, fir virunzekommen, seet den LSAP-Conseiller, fir deen et awer bei der DP eng negativ Evolutioun gouf. Ënnert dem Paul Helminger an zum Deel och nach dem Xavier Bettel gouf et e gewëssen Elan, deen awer dono vun der Madame Polfer nom ale Stil nees verännert gouf: Nëmmen net ze séier an néierens ustoussen. Et mierkt een, esou de Mark Angel, datt net déi selwecht Equipe, déi d'Schäfferotserklärung viru 6 Joer ënnerschriwwen huet, se och ëmgesat huet.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.