VIDEO: Mischo a SilvaOp eemol Buergermeeschter: Zwee Shootingstars

An der Fiels gouf eng éischte Kéier eng Fra op de Poste vun der Buergermeeschtesch gewielt an zu Esch gouf d'LSAP-Dominanz gebrach.

Op eemol Buergermeeschter (04.12.2017)
Mir hunn d'Natalie Silva an de Georges Mischo déi éischt Wochen an hirer neier Funktioun begleet!
Et waren am Fong zwou Sensatiounen. No de leschte Gemengewahle gëtt et an der Fiels mam Natalie Silva déi éischt Fra als Buergermeeschtesch. An zu Esch huet de Georges Mischo déi joerzéngtelaang LSAP-Dominanz gebrach. Fir déi Zwee ass dat eng ganz nei Erausfuerderung. De Georges Mischo war bis elo Sportsproff an d’Natalie Silva wiesselt aus dem Schäfferot un d'Spëtzt vun hirer Gemeng.

D'Kollege vum Magazin hunn déi zwee nei Buergermeeschter an den éischte Wochen an hirer neier Funktioun begleet. An direkt no der Vereedegung ass et mat der Aarbecht lass gaangen.

An der Fiels huet d'Natalie Silva e Chantier besicht, wat och zu der Aarbecht gehéiert, well, esou d'Buergermeeschtesch, wann een d'Autorisatioun fir esou Chantieren ënnerschreift, da wëll ee se och emol gesinn, well een eben dacks vun de Leit drop ugeschwat gëtt. Vill Changementer a méi Chargen, wéi nach am Schäfferot, huet d'Natalie Silva ze bewältegen, dorënner vill Dokumenter z'ënnerschreiwen.

Een Dag no der leschter Stonn am Lycée ass et och fir de Georges Mischo zu Esch eescht ginn. Vill Zäit, fir sech z'akklimatiséieren, hat de fréiere Sportsproff net. Well zu Esch a sengem neie Büro huet d'Aarbecht schonn op hie gewaart. Do gëtt een direkt an d'kaalt Waasser geheit, déi éischt Deeg sinn ustrengend a laang... Wann hien awer bis doheem ass, do wëll en net méi de Buergermeeschter sinn, mä einfach de Papp.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.