WäiswampechSplitting um Poste vum Buergermeeschter

Fir 3 Joer ass en Henri Rinnen um Kapp vun der Gemeng. Dono iwwerhëlt de Michel Deckenbrunnen, dee bis dohin den Poste vum 2. Schäffen iwwerhëlt.

Éischte Schäffe gëtt de Norbert Morn. Domadder bleift den Henri Rinnen um Poste vum Buergermeeschter, obwuel hie just déi véiertmeeschte Stëmme kritt huet. Wien d'Successioun vum Michel Deckenbrunnen no dräi Joer als zweete Schäffen iwwerhëlt, ass nach net gewosst.

All d'Decisioune goufen unanime ugeholl.

Weider sinn am Gemengerot:

Anita Faber
Vincent Geiben
Marie-Paule Johanns-Hamer
Danièle Patz
Ambroise Reuland
Josephe Vesque

PDF: Communiqué vun der Gemeng Wäiswampech



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.