KPL-Walprogramm 2018Hausse vum Mindestloun ëm 20%, Spëtzesteiersaz op 56%

Eng Lounpolitik am Intressi vun de Leit, déi schaffen; manner Steiere fir kleng a mëttler Akommes; e Grondrecht op Bildung a Wunnen ...

KPL-Walprogramm / Reportage Eric Ewald



PDF: Entworf vum KPL-Walprogramm

22 Säiten huet en, den Entworf vum KPL-Walprogramm fir d'Chamberwalen am Oktober, dee public gemaach gouf: D'Kommunistesch Partei ass domat déi éischt, déi hir Iddien ënnert d'Leit bréngt.

Et si klassesch kommunistesch Sujeten an deem Entworf ze fanne, wéi eng Lounpolitik am Intressi vun de Leit, déi schaffen, an en Erhéije vun der Kafkraaft an d'Lutte géint d'Aarmutt; donieft gëtt sech awer och géint e weidert Militariséiere vun der EU agesat.

De Mindestloun ëm 20% z'erhéijen, de gesetzleche Pensiounsalter op 60 Joer erofzesetzen an en no an not Aféiere vun der 35-Stonne-Woch, dat verlaangt d'KPL z.B. am Kapitel „Aarbecht fir jiddereen, eng Lounpolitik am Intressi vun de Leit, déi schaffen“. An deem, dee „Manner Steiere fir kleng a mëttler Akommen, keng Steierkadoe fir d'Kapital“ iwwerschriwwen ass, gëtt eng Hausse vum Spëtzesteiersaz op 56%, d'Aféiere vun enger Verméigenssteier an d'Ofschafe vu Rulinge verlaangt. Wat d'Bildung ugeet, déi e Grondrecht wär, wëll een den Educatiounsbudget ëm 30% héijen, da soll d'aktiivt a passiivt Walrecht vu 16 Joer u kommen, fir der Jugend eng Zukunft ze ginn, a beim Thema Grondrecht op Wunne stinn d'Fuerderungen am Raum, fir 50.000 Wunninge fir ze lounen ze bauen, an déi vun enger Spekulatiounssteier, déi all Joer eropgoe géif.

Fir d'Kafkraaft z'erhéijen a géint d'Aarmutt virzegoen, wënsche sech d'Kommunisten, dass Leit, déi de Mindestloun kréien, keng direkt Steiere méi bezuele sollen, am Kapitel „besser medezinesch Déngschtleeschtungen“ setzt ee sech fir d'Erhalen an den Ausbau vu regionale Spideeler (z.B. Wolz an Nidderkuer) an, a wat d'Verkéierspolitik betrëfft, sollt den Transport fir jidderee gratis sinn. Eng gesond Ëmwelt wëll een iwwert de Wee vu manner CO2-Ausstouss a vum Fördere vun erneierbarer Energie erreechen, an et ass ee géint e weidert Militariséiere vun der EU a fir Ofrëschtung: An deem Sënn soll de Kaf vun engem Militär-Airbus gestoppt an d'Arméi als militäresch Formatioun ofgeschaaft ginn.

Dës an all déi aner Iddie vun der KPL fënnt een op hirem Internetsite kp-l.org; de 15. Abrëll gëtt dann an enger Landeskonferenz iwwert dee Programmentworf diskutéiert an doropshin am Zentralcomité definitiv driwwer ofgestëmmt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.