VIDEO: Nationalkongress DP"Mënsch a Liewen zu Lëtzebuerg an de Mëttelpunkt stellen"

Am Tramsschapp um Lampertsbierg hate sech e Sonndeg déi Liberal versammelt. Et gouf Luef fir déi eegen Aarbecht, d'Wallëschte si fir den 3. Mee.

D'DP huet zanter e Sonndeg de Mëtteg offiziell en neie Generalsekretär. De Claude Lamberty gouf um Parteikongress vun de Liberale mat 91,6% vun de Stëmmen an där Funktioun confirméiert, déi hien déi lescht Méint iwwer faisant-fonction ausgeüübt hat, no der Demissioun am November zejoert vum Marc Ruppert.


A senger Ried huet de Claude Lamberty d'Verdéngschter vun der DP an de leschte Joren ervirgestrach. Anescht wéi anerer géif d'DP net probéieren, d'Zukunft auszesetzen.

De Claude Lamberty



Egal ob Parteipresidentin, Fraktiounschef, neie Generalsekretär oder Premier, den Tenor war dee selwechten, d’DP wëll a wäert de Mënsch an d’Liewen zu Lëtzebuerg an de Mëttelpunkt stellen. An dat hätt een och déi lescht 4 Joer an der Regierungs-Responsabilitéit scho gemaach.

"Ech si vill motivéiert an ech freeë mech richteg op déi nächst Méint", esou huet de Xavier Bettel seng Ried um Kongress ugefaang. Et hätt an de leschte Méint a Joren natierlech och schwéier Momenter ginn, sot de Premier, virun allem well een als 3er-Koalitioun nawell schlecht Staatsfinanze geierft hat. An och d'Diskussiounen ëm d'Bankgeheimnis wieren net einfach gewiescht. Mä et hätt een déi Defie gemeeschtert an och soss an de leschte 4 Joer immens vill ëmgesat, sot souwuel de Premier, wéi generell alleguerten d'Riedner am Laf vum Kongress, dee ronn 3 Stonnen gedauert huet.

Et hätt een d'Land a ville Beräicher nei opgestallt a moderniséiert, an dat wéilt een och weiderhin maachen. Stëllstand bis zu de Wale géif et mat der DP net ginn, huet d'Parteipresidentin Corinne Cahen betount.

Déi richteg grouss Kritik un anere Parteien, wéi een et en halleft Joer viru Wahlen kéint erwaarden, gouf et um Kongress net. Heiansdo mol vereenzelt eng verbal an d’Akaul fir d’CSV, wéi vum Fraktiounschef Eugène Berger, a puncto Aktivitéit, oder éischter politescher Inaktivitéit.

Vill vun hire Leit wieren déi lescht 2 Joer beschäftegt gewiescht, fir hire Spëtzekandidat vum Tandem mat där Madamm, déi anscheinend alles kann, erofzehuelen, datt hien de Guidon och emol selwer an de Grapp kéint huelen. Déi aner si schonn amgaangen iwwer Posten ze fantaséieren, déi een hinnen emol nach guer net uvertraut huet, esou den DP-Politiker. "Léif Frënn, dat ass net eis Manéier, dat ënnerscheet eis vun deenen aneren. Mir schaffe weider, fir d'Leit am Land, fir Lëtzebuerg. Déi nächst Wochen, déi nächst Méint an ech sinn zouversiichtlech, och déi nächst 5 Joer."





Dat Ganzt stoung natierlech och schonn am Zeeche vun de Chamberwalen am Hierscht. An do iwwerrascht, dass d'Partei vum Premier Minister e Sonndeg nach ëmmer keng Wallëschte presentéiert huet. Dat geschitt eréischt en Donneschdeg den 3. Mee, owes um 19 Auer am Atelier zu Hollerech.

Souwisou awer wier et fir déi aner politesch Parteie ganz schwiereg, fir iwwerhaapt Kritikpunkten un der DP, oder generell der Regierung ze fannen, huet de Premier Xavier Bettel gemengt. Dofir wier d’Aarbecht aus de leschte Méint a Joren einfach ze gutt gewiescht.

"Ech si mer bewosst, datt d'Oppositiounsparteien am Moment sech ganz vill Méi ginn a probéieren no engem Wee ze sichen, fir datt si kënne behaapten, datt et ouni si net kéint goen. An datt een onbedéngt eng aner Regierung bräicht. Gleeft mer et, si wäerte ganz ganz vill musse sichen an all Kreativitéit wäerten opbrauchen. Well objektiv, an dat ka keen eis schlecht maachen, steet eis d'Land besser do, wéi viru 4 Joer."

D’Partei, an dat ass um Kongress nach emol däitlech ginn, steet geschlossen hannert dem Xavier Bettel.
Minuttelaangen Applaus a Standing Ovations gouf et no senger Ried an och vun der d’Partei-Presidentin e grousst Luef.

Kloer wier awer, dass d'DP och an den nächste Joren de Mënsch wëll an de Mëttelpunkt stellen.
D'Demokraten hunn annoncéiert mat engem ambitiéise Programm an d'Walen ze goen, dee kohärent ass, wou Kultur an Identitéit grouss geschriwwe ginn, mat méi Steiergerechtegkeet, engem gudden a gesonde Sozialstaat a villen neie Projeten a puncto Mobilitéit.

DP Nationalkongress / Reportage Joël Detaille



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.