KrankeschäinLCGB nach net ganz zefridde mat 78-Woche-Reegelung

Der LSAP, dem Original a soziale Froen, sinn d'Leit an dësem Dossier "schäissegal", esou de President vum LCGB op enger Pressekonferenz.

© RTL-Archiv

Den OGBL an de Sozialminister hate jo déi lescht Woch annoncéiert, datt aus den 52 Wochen elo 78 Woche géife ginn. Dat ass zwar e Schratt an déi richteg Richtung fënnt de chrëschtleche Gewerkschaftsbond an awer ass en alles anescht wéi zefridden. Och wann de Seuil elo ëm 26 Wochen eropgesat ginn ass, bleift d'Diskriminatioun tëschent der Fonction publique an dem Privatsecteur bestoen, ënnersträicht de Patrick Dury, de President vum LCGB. D'Gewerkschaft hätt gären e System, an deem och Leit aus dem Privatsecteur sou laang krank dierfe sinn, bis se nees gesond sinn a erëm kënne schaffe goen, respektiv d'Invaliderent huelen. Zënter 4 Joer géif elo scho mat dësem Sujet am Gaang, hätt allerdéngs nach näischt Opweises.

Reaktioun vum LCGB / Reportage vum Dany Rasqué

Fir den LCGB stinn no der Annonce vum Sozialminister och nach eng Partie Froen ob. Zum Beispill déi wat da mat deene Leit ass, déi an de leschte 4 Joer d'Affer vun der 52 Woche-Guillotine goufen an ob déi elo entschiedegt ginn.
E fatzegen Dar am Aen ass fir den LCGB dann awer och d'Form, wéi dës Léisung elo zustane komm ass.
De Patrick Dury erënnert un den Accord, deen de Sozialminister, de 4ten Dezember mat der UEL, also der "Union des entreprises" an dem OGBL ënnerschriwwen huet an an deem virgesi war, datt eng administrativ Prozedur sollt agefouert ginn, fir de Fall datt ee méi laang wéi déi 52 Woche krank gemellt ass.

Ouni den Asaz vum LCGB, esou de Patrick Dury, wier hei am Sënn vun de Leit näischt méi geännert ginn a fënnt et s staarkt Stéck, dass elo 6 Méint virun de Chamberwalen sech mam OGBL un een Dësch gesat gëtt.
Speziell fënnt den LCGB et och, datt de Minister en Accord iwwert dëse Gesetzprojet ukënnegt an dann nach eng Entrevue mam LCGB a mam Patronat annoncéiert, fir ze maache wéi wann et nach e Sozialdialog géif ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.