ChamberwalenDP am Zentrum mat Xavier Bettel a Corinne Cahen

2 Deeg nom Landeskongress huet d'Zentrumssektioun vun de Liberalen um Dënschdeg den Owend hir Propose fir déi 21 Kandidaten am Oktober bekannt gemaach.

Ugefouert gëtt d'Lëscht vun de Kandidaten, déi d'Regierungspartei am Zentrum vertriede sollen, natierlech vum aktuelle Staatsminister Xavier Bettel, deen 2013 knapp iwwer 32.000 Stëmmen krut, a vun der Ministesch a Parteipresidentin Corinne Cahen. Allebéid si Spëtzekandidaten, d'DP proposéiert an all Bezierk eng duebel Spëtzekandidatur.

Och d'Zweetgewielt vun 2013, Lydie Polfer, ass klorerweis nach eemol dobäi, fir Wielerstëmmen am Hierscht ze sécheren. Grad wéi de Staatssekretär Guy Arendt an den DP-Generalsekretär Claude Lamberty.

Soss nach ënnert den 21 Kandidaten déi 2 aktuell DP-Zentrumsdeputéiert: den Député-Maire Frank Colabianchi an d'fréier Walfer Buergermeeschtesch Joëlle Elvinger, grad wéi de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe an déi zwee Stater Schäffe Simone Beissel a Patrick Goldschmidt.

Nei op der Lëscht dobäi ass ë.a. déi jonk Steeseler Conseillère Jana Degrott.

Net op der Lëscht si beschtbekannt Politikernimm wéi Anne Brasseur an Alexandre Krieps.

PDF: D'Kandidaten op ee Bléck, mat Foto.

E Mëttwoch ginn iwwerdeems d'Propositioune fir d'liberal Südlëscht publik gemaach.

Déi eenzel Lëschte mussen den 3. Mee nach vum Comité directeur vun der DP validéiert ginn. Déi offiziell Presentatioun vun de 60 Kandidate vun der DP fir d’Chamberwalen ass dann en Donneschdeg, 3. Mee um 19 Auer am Atelier an der Stad (54, rue de Hollerich).

Kandidate vun der DP fir de Walbezierk Zentrum
De Regionalcomité Zentrum proposéiert dem Comité directeur vun der DP dës Kandidaten:

Xavier Bettel
Staatsminister, Minister fir Kommunikatioun, Medien, Kultus a Kultur - Spëtzekandidat
Stad Lëtzebuerg

Corinne Cahen
Familljen- an Integratiounsministesch, Ministesch fir d'Groussregioun, Parteipresidentin - Spëtzekandidatin
Stad Lëtzebuerg

Guy Arendt
Staatssekretär fir Kultur
Walfer

Simone Beissel
Deputéiert, Schäffen, Affekotin
Stad Lëtzebuerg

Héloïse Bock
Gemengeconseiller, Affekotin
Stad Lëtzebuerg

Sylvia Camarda
Gemengeconseiller, Dänzerin, Choreographin, Moderatrice
Stad Lëtzebuerg

Frank Colabianchi
Deputéierten, Buergermeeschter, Schouldirekter adj.
Bartreng

Tanja De Jager
Gemengeconseiller, Geschäftsfra
Stad Lëtzebuerg

Jana Degrott
Gemengeconseiller, Droitsstudentin
Steesel

Françoise Deutsch ép. Dupont
Ekonomiesprofesser
Stad Lëtzebuerg

Martine Dieschburg-Nickels
Gemengeconseiller, Apdiktesch
Stroossen

Joëlle Elvinger
Deputéiert, Gemengeconseiller, Affekotin
Walfer

Marc Fischer
Gemengeconseiller, Diplomingenieur
Stroossen

Patrick Goldschmidt
Schäffen, Steierberoder
Stad Lëtzebuerg

Marco Houwen
Onofhängegen Internetberoder
Nidderaanwen

Claude Lamberty
Deputéierten, Gemengeconseiller, Generalsekretär vun der DP, Schoulmeeschter
Hesper

Michel Malherbe
Buergermeeschter, Direktiounsattaché
Miersch

Stéphanie Obertin
Doktesch
Nidderaanwen

Lydie Polfer
Deputéiert, Buergermeeschtesch, Affekotin
Stad Lëtzebuerg

Jeff Wirtz
Gemengeconseiller, Dokter
Stad Lëtzebuerg

Nicolas Wurth
Droitsstudent
Sandweiler

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.