ChamberwalenDP am Süde mat Meisch a Gramegna

E Mëttwoch den Owend huet d'Demokratesch Partei hir 23 Kandidate fir d'Chamberwalen am Süde presentéiert. De Comité directeur muss nach de feu vert ginn.

Meisch-Gramegna: Mat dësem Duo vu Spëtzekandidate geet d'DP gär am Bezierk Süden am Oktober an d'Walen. D'Minetter-Sektioun vun der DP huet e Mëttwoch den Owend hir Propose bekannt gemaach fir d'23 Kandidaten, déi am Oktober d'Regierungspartei am Süde solle vertrieden.

Ugefouert gëtt d'Lëscht, wéi gesot, vun den 2 Spëtzekandidate Claude Meisch a Pierre Gramegna, woubäi sech de Finanzminister bis dato jo nach kenge Walen huet misse stellen. Den Diplomat war 2013 als Shooting-Star vun der Chambre de Commerce an d'Regierung beruff ginn.

Natierlech och mat op der proposéierter DP-Lëscht am Süden: de Fraktiounspresident Eugène Berger, de Gusty Graas an de Max Hahn.

Mat dobäi och nees den Escher Schäffe Pim Knaff, grad wéi de Monnerecher Schäffe Jean Kihn.

Nei op der Lëscht dobäi sinn ënnert anerem de Buergermeeschter vu Garnech, Georges Fohl, an d'Laura Ferber.

13 Männer an 10 Frae sinn op der Lëscht.

PDF: D'Kandidaten op ee Bléck, mat Foto.

En Dënschdeg hat d'DP hir Zentrumsleit virgestallt, en Donneschdeg den Owend sinn d'Nord-Kandidaten drun.

RTL-NEWS: D'DP-Kandidaten am Zentrum.

Déi eenzel Lëschte mussen den 3. Mee nach vum Comité directeur vun der DP validéiert ginn. Déi offiziell Presentatioun vun de 60 Kandidate vun der DP fir d'Chamberwalen ass dann en Donneschdeg, 3. Mee um 19 Auer am Atelier an der Stad (54, rue de Hollerich).

Kandidate vun der DP fir de Walbezierk Süden
De Regionalcomité Süden proposéiert dem Comité directeur vun der DP dës Kandidaten:

Claude Meisch
Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, Minister fir Héichschoul a Fuerschung
Déifferdeng

Pierre Gramegna
Finanzminister
Esch-Uelzecht

Barbara Agostino
Educatrice a Léierin, Direktesch vu Kannerbetreiungsstrukturen
Lëtzebuerg

Romain Becker
Gemengeconseiller, Selbstänneg, Ingenieur
Keel-Téiteng

Marie-Louise Berens veuve Bouché (dit Molly)
Gemengeconseiller, pensionéiert Coiffeuse
Péiteng

Eugène Berger
Fraktiounspresident an Deputéierten, Gemengeconseiller
Réiser

Sven Bindels
Gemengeconseiller, Staatsbeamten (POST)
Mamer

Martine Eischen
Geschäftsfra
Déifferdeng

Laura Ferber
Direktiounsmember am Familljebetrib
Käerjeng

Georges Fohl
Buergermeeschter, Ingenieur, President O.N. Remembrement
Garnech

Nico Funck
Gemengeconseiller, CFL-Beamten
Käerjeng

Gusty Graas
Deputéierten, Schäffen
Beetebuerg

Max Hahn
Deputéierten, Schäffen, Vizepresident vun der DP, Elektroingenieur
Dippech

Jean Kihn
Schäffen, Dokter
Monnerech

Pim Knaff
Schäffen, Affekot
Esch-Uelzecht

Max Lehnen
Affekot
Suessem

Carole Olinger
Léierin
Diddeleng

Jean-Pierre Roemen
Gemengeconseiller, Droitsstudent
Leideleng

Mireille Roemer
Gemengeconseiller, CFL-Beamtin
Habscht

Mara Scheibel
Educatrice graduée
Schëffleng

Daliah Scholl
Gemengeconseiller, Flüttistin, Enseignante an enger Museksschoul
Esch-Uelzecht

Nicole Sibenaler
Employée Ponts et Chaussées, Presidentin Daaflux
Mamer

Géraldine Welkenbach
Indépendant
Koplescht

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.