VIDEO: Face-à-faceMarc Hansen (DP) - Marc Lies (CSV)

Fir den Optakt vun der Themewoch "Logement" souze sech am Face-à-face den DP-Logementsminister Marc Hansen an den CSV-Député-Maire Marc Lies géintiwwer.

Face-à-face: Marc Hansen vs Marc Lies (24.09.2018)
Fir den Optakt vun der Themewoch "Logement" souze sech am Face-à-face den DP-Logementsminister Marc Hansen an den CSV-Député-Maire Marc Lies géintiwwer.

"Noutstand Wunnengsbau" - e "grousse Puzzle mat dausend kleng Stécker" - wann iwwer de Logement Rieds geet - dee bezuelbaren - da läit ee vun den Top-Sujete vun der Walcampagne um Dësch.

D'Käschte vum Wunnen hänken natierlech mam dynameschen Aarbechtsmaart an der Demographie zesummen - Facteuren, déi all zesumme musse gekuckt ginn, wann vum Logement Rieds geet. Mat ze kucken awer och de méigleche Problem vun der Iwwerverschëldung, wann ee Proprietär wëll kann.

Steierlech Mesuren, Allocatiounen, Adaptéiere vum Ierfschaftsrecht - wat si Piste fir en abordabele Logement?

Mir hunn nogefrot: Fir den Optakt vun der RTL-Themewoch "Logement" souze sech am Face-à-face den DP-Logementsminister Marc Hansen an den CSV-Député-Maire Marc Lies géintiwwer.

Face-à-face: Marc Hansen vs Marc Lies



De Logement stoung e Méindeg am Mëttelpunkt

E Constat, dee béid Politiker gemaach hunn ass, datt an Zukunft méi vun der ëffentlecher Hand muss gebaut ginn, Dany Rasqué.

Wann de Marc Hansen dann awer seet, datt d'Efforten an deene leschte Jore scho verdräifacht goufen ass de Marc Lies net méi d'accord. Déi 10.000 Wunnengen déi sollten, wéi vum Premier ufanks der Legislaturperiod annoncéiert, am "Schnellverfahren" gebaut ginn, wiere schlussendlech net entstanen, esou e Marc Lies. An dëser Legislaturperiod wäre ronn 2.000 Wunnenge gebaut ginn, déi Legislaturperiod virdru waren et der ronn 1.000.

De Schlëssel fir de Succès leit bei de Gemenge betount de Marc Lies, an déi, sou seet de Marc Hansen, sinn am Gaang sech hirer Responsabilitéit bewosst ze ginn.

D'Gemenge wieren e wichtege Partner an et misst een onbedéngt Hand an Hand schaffen.

D'Gemengen dierfe jo och zënter 10 Joer schonn, Bauterraine besteieren, déi brooch leien. Just 8 Gemengen am Land hunn esou eng Tax. De Marc Lies, den Deputé Maire vun Hesper fënnt et misst eng national Spekulatiounstax kommen, ma do ass de Ressortminister Hansen awer skeptesch.

De Résumé vum Face-à-face - Reportage Dany Rasqué


Virun allem freet de Minister sech, wéi héich dës Spekulatiounstax wier, eng Steier, déi an den Ae vum Marc Hansen net ëmzesetzen ass, virop well een do Problemer huet fir e Montant ze fixéieren. E Montant vu beispillsweis 1.000 Euro wier e Montant, dee kee géif dozou beweege säi Grondstéck ze verkafen.

D'DP an d'CSV hunn e Méindeg de Moien dann och betount, datt si keng nei Mesurë wëllen aféieren, fir z'expropriéieren. Finanziell Hëllefen am Logement géife béid Parteien nach emol iwwerschaffen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.