Bild vum Dag"Neie Spëtzekandidat am Norde bei der LSAP"

Dës ironesch Iwwerschrëft huet de Goerges Krier senger Foto ginn, déi hien e Méindeg vun engem Plakat nieft der Strooss gemaach an un RTL.lu geschéckt hat.

Dee ville Reen um Sonndeg de Mëtteg war dësem Walplakat (wéi villen aneren) guer net gutt bekomm. An nodeems e puer Deeler dovun erofgerëtscht waren, ass - deus ex machina - de Martin Schulz zum Virschäi komm. Den däitschen SPD-Politiker war jo virun e puer Joer dem Jean-Claude Juncker säi Kontrahent an der Course ëm de Poste vum EU-Kommissiounspresident.

No senger Defaite op europäeschem Niveau war de Martin Schulz an Däitschland als SPD-Spëtzekandidat géint d'Angela Merkel ugetrueden, konnt awer och do d'Hoffnungen net erfëllen. An nodeems e fir d'éischt ausgeschloss hat, an eng grouss Koalitioun ze goen, duerno awer dofir war, well aus der Jamaika-Koalitioun näischt gouf (d'FDP hat sech jo zeréckgezunn an CDU/CSU a Gréng eleng hate keng Majoritéit), gouf hien awer vun der Parteispëtzt ecartéiert.

Am Grand-Duché schéngt de Martin Schulz awer besser ze pechen ewéi esou munch anere Politiker ...

Iwwregens: D'Plakat, dat am Norden ewechgespullt gi war, war eent vun der DP.