VIDEO: Face-à-facePierre Gramegna (DP) - Laurent Mosar (CSV)

Wéi gesond ass d'Lëtzebuerger Finanzplaz? Doriwwer hunn de Pierre Gramegna an de Laurent Mosar am Face-à-face um Mëttwoch de Moien diskutéiert.

Face-à-face: Pierre Gramegna vs Laurent Mosar (26.09.2018)
Wéi gesond ass d'Lëtzebuerger Finanzplaz? Doriwwer hunn de Pierre Gramegna an de Laurent Mosar am Face-à-face um Mëttwoch de Moien diskutéiert

Wou steet d'Finanzplaz Lëtzebuerg um Enn vun der Legislatur? Doriwwer hunn um Mëttwoch de Moien den DP-Finanzminister Pierre Gramegna an den CSV-Oppositiounspolitiker Laurent Mosar diskutéiert. D'Kritik vun der CSV un der Politik vum liberale Minister war an der Vergaangenheet scho méi ausgepräagt. Déi zwee Politiker louchen héchstens an den Nuancen auserneen.

D'Finanzplaz géif haut gutt do stoen, huet de Minister säi Bilan verdeedegt. Hätte mer d'Bankgeheimnis net ofgeschaf, wier de Private banking haut dout. Haut wier eise Ruff däitlech besser wéi am Ufank vun der Legislatur.

De Laurent Mosar huet dem Pierre Gramegna attestéiert sécher net alles falsch gemaach ze hunn. D'CSV hätt just op verschiddenen Niveauen anescht gehandelt, zum Beispill wieren EU-Direktive mat Retard ëmgesat ginn. Dat wier an der Vergaangenheet net de Fall gewiescht. Lëtzebuerg wier och dat eenzegt Land, wat sou eng Héich Garantie op de Bankdépôte géif ginn. Dat hätt d'Banke belaascht.

A Saache Betribsbesteierung zéien CSV an DP un engem Strang. Wann d'Steieren op europäeschen an internationalem Niveau ëmmer méi harmoniséiert ginn, misst Lëtzebuerg sech der internationaler Moyenne upassen, fir net u Kompetitivitéit anzebéissen.

Ee Sujet um Mëttwoch de Moie war de Brexit. D'Sortie vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun wier laangfristeg gutt fir keen, soten déi zwee Invitéeën. Den Ament profitéiert d'Lëtzebuerger Finanzplaz nach vum annoncéierten Depart. Ma de Laurent Mosar huet awer drop gehalen, datt Lëtzebuerg den Englänner méi Brécke misst bauen. Lëtzebuerg hätt nämlech mat am meeschten ze verléieren, sollt et zu engem haarde Brexit kommen, respektiv keen Accord zustane kommen. D'Finanzplaz wier op all Zort Brexit preparéiert, sot de Minister op Nofro hin.

Face-à-face: Pierre Gramegna vs Laurent Mosar


De Face-à-face géint 15 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay ze fannen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.