Réckbléck DräierkoalitiounEng erfollegräich EU-Presidence 2015

"Eng Unioun fir d’Bierger": esou huet d’Regierung hire Bilan vun der EU-Presidence iwwerschriwwen.

© eu2015lu.eu

Eng Presidence, zu deem Ablack, wéi d’politesch Kris vum Brexit a vun der Migratioun sech virgezeechent hunn.

D'Presidence vun der europäescher Unioun am zweete Semester 2015 gouf trotzdeem als Succès zeréckbehalen, och wann net fir jiddereen.

© RTL-Archiv


Op der Plëss an der Stad, den 3. Juli 2015, gouf de Start vun der 12. Lëtzebuerger EU-Presidence gefeiert. Optimismus säitens dem Premier Xavier Bettel.

De Xavier Bettel



Optimismus deemools och beim EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker:

De Jean-Claude Juncker



No Luxleaks an dem gescheiterte Referendum konnt déi jonk Regierung endlech bësse Selbstvertrauen tanken. No 1.500 formell Reuniounen – haaptsächlech um Kierchbierg, ganz ville Policeeskorten a vill Aarbecht fir d’Beamten gouf am Januar e positive Bilan gezunn, trotz schwieregem Kontext: Migratioun, Relance vun der Wirtschaft, Stabilitéit. Luef gouf et souguer vun der CSV-Europadéputéiert Viviane Reding:

D'Viviane Reding



Déi deemoleg Cheffin vum Front National Marine Lepen hat eppes ganz aneschtes parat:

D'Marine Le Pen



D’Äntwert vum Xavier Bettel an der franséischer Emissioun „le petit Journal“:

De Xavier Bettel (2)



Ee „Cringe-Moment“ gouf et dann och, e peinlechen Optrëtt vun der deemoleger Kulturministesch Maggy Nagel, wéi e Journalist vum Wort se gefrot huet, wat si dovunner hält, datt e Komiker an den USA, Lëtzebuerg beschriwwen huet als "Frankräich ouni kulturell Institutiounen“.

D'Maggy Nagel



Eng Drëps, déi d’Mooss zum Iwwerlafe bruecht, huet no der Geschicht vum Schwäinsbuffet à Volonté, deen d’Maggy Nagel net wollt bezuelen. D’EU-Presidence war elo eriwwer. Fir d’Maggy Nagel d’Regierungsbedeelegung och – op eegene Wonsch huet et offiziell geheescht.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.