Carte Blanche vum Jean-Luc ThillNo de Walen ass virun de Walen?

No de Walen ass virun de Walen oder wat geschitt nom 14. Oktober – dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill



Wat geschitt de 14. Oktober? Mir gewannen – heescht et op deene zwou Säite vum politesche Metier, also Regierungsparteien engersäits an den Oppositiounsparteien anerersäits. Fir déi eng heescht dat de Status Quo erhalen, wärend déi Gréisst vun deenen aneren op d'mannst zwee Sëtz méi musse kréien. D’Regierungsparteien legitiméieren hiren Usproch mat der geleeschter Aarbecht an diagnostizéiere beim Lëtzebuerger, wéi beim Ländchen: dem Patient geet et vill besser wéi viru 5 Joer an ass bei exzellenter Gesondheet. Dëse Bilan kann nach verbessert ginn – virausgesat de Wieler verlängert säi Vertrauensmandat ëm eng Legislaturperiod. Déi Aner hu bësse méi Krämpes eppes ze legitiméieren – dat ass de Fleau vun der Oppositiounsaarbecht. Si manifestéieren villméi e Wëllen a Form vun engem Plang, fir endlech erëm un dat Rudder ze kommen, wann hinne -  gefillt - souwisou zousteet.

Iergendwéi wëll jiddereen eist Ländchen vun der best Practice an d’next Practice féieren. Wéi dat konkret soll geschéien, kann dogéint kee richteg soen, respektiv wëll kee richteg soen, fir et sech mat kengem ze verdierwen. Wouriwwer een net schwätze kann, soll een einfach näischt soen (1) – dës Asiicht vum Wittgenstein kéint der Saach hëllefen  - awer net an engem Walkampf. Mam Resultat, datt een iwwerall dat selwecht héiert – nëmmen de Bléckwénkel ännert sech no der politescher Couleur. Do wou politesch Visioune kéinte stoen, fanne mer lëschteweis Aktiounspläng – méi oder manner konkret. Geet dat duer, fir de Bierger ze iwwerzeegen?

Kloer ass: All wëlle se un d’Muecht – onkloer ass firwat. Geet et, fräi nom olympesche Motto, einfach nëmmen drëms, dobäi ze sinn – à tout prix fir den eegenen Ego - oder soll  villméi wierklech Verantwortung iwwerholl ginn, fir d’Land a Leit an Zukunft ze feieren? Schwätze mer nom 14. Oktober wéi kompetent Léisunge fir d’Problemer vum Land sollen ausgesinn oder kucke mir, also de Bierger - walberechtegt oder net - alt erëm no, wéi Still geréckelt ginn? Also déi Exegese vum Wielerwëllen, déi legitiméiere soll, wéi eng Binetten aus deene 4 lächerleche Walbezierker wéi zerwéiert musse ginn, fir datt de Fridden an der ganzer Parteilandschaft erhale bleift?

Kuerz dat rhetorescht Spill, wou Chamberswalen ëmmer erëm zu Regierungswalen gemaach ginn – wahrscheinlech dée am meeschten geshared Fake News am Grand-Duché zanter 1919.  

Dofir interesséiert mech als Bierger villméi d’Fro: Wat geschitt nom 14. Oktober? Business as usual – mam Lëtzebuerger Modell - oder gëtt sech déi nächst Legislaturperiod dann ee fir allemol Zäit geholl e puer fundamental Froen net nëmmen ze stellen, mä doriwwer eraus, och unzegoen? Mir verstinn eis als Demokratie, awer d’Arithmetik tëscht Residenten a Walberechtegte schwätzt eng aner Sprooch. D’Educatioun huet eng Visioun: All Schüler mat Tablett – a mir wiele wéi wann et de Stroum nach guer net géif ginn. Firwat sech net digital opstellen: Sou kéint een net nëmmen d’Chamber mat Bezierker wielen, mä och zäitgläich national eng Regierung. Ass eng konstitutionell Monarchie nach zäitgeméiss?  Wéi e Mënschebild huet Lëtzebuerg ? Sinn d’Wäerter vum Krautmaart och am Land vun de Leit gedeelt? A wéi eng sinn dat? Wéi wëlle mer zesumme liewen?

Mir all wëssen, dës Froe kenne weder einfach nach éiweg Äntwerten – grad dowéinst ass et sou wichteg, datt se ëmmer erëm gestallt ginn. Léisst ee se awer riets oder lénks leien, dann ass et just eng Fro vun der Zäit, bis Anerer d’Äntwerte fir eis fannen – Äntwerten, déi deene mannste vun eis dierfte schmaachen.

(1) Ludwig, Wittgenstein, "Wovon man nicht sprechen kann, darüber muß man schweigen." ,Satz 7, Tractatus logico-philosophicus.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.