NationalkomiteeKloer Wierder vum OGBL un d'Politik

"Mir si weder fir, nach géint eng Partei, mä mer hu kloer Fuerderungen un d'Politik, an deementspriechend hu mer och déi eenzel Walprogrammer analyséiert."

Kloer Wierder vum OGBL un d'Politik (25.09.2018)
"Mir si weder fir, nach géint eng Partei, mä mer hu kloer Fuerderungen un d'Politik, an deementspriechend hu mer och déi eenzel Walprogrammer analyséiert."

Esou sot et den OGBL-President André Roeltgen um Dënschdeg nom Nationalkomitee vun der Gewerkschaft.

Nationalkomitee vum OGBL/Reportage Joel Detaille


Prioritär ass fir den OGBL, dass déi ëffentlech Déngschtleeschtungen am Land ofgeséchert a gestäerkt ginn, grad wéi dass, "d'Patten ewechgelooss gi vun der solidarescher Sozial-Versécherung". Et wier een och leider nach ëmmer wäit ewech vu Steiergerechtegkeet a vun uerdentleche Léin, an Zäiten, wou d'Produktivitéit am Land héich ass.

Frou weist sech den onofhängege Gewerkschaftsbond, dass quasi all d'Parteien hire Message a Punkto Index verstan hätten, fir do d'Fangeren ewechzeloossen. Just Déi Gréng hätten zu deem Punkt näischt an hirem Walprogramm stoen, wat een am Siège zu Esch net ka verstoen. Et wier jo nach Zäit bis zu de Walen, dass d'Koalitiounspartei dozou kloer Stellung bezitt.

Kee Versteesdemech huet den OGBL och fir de Plang vun der Aarbechtsflexibiliséierung vun der DP. Do géif zu 100% all Fuerderung vum Patronat iwwerholl ginn, wat eng frontal Attack géint dat gewerkschaftlecht Verhandlungsrecht wier, sot den André Roeltgen.

Den OGBL rifft d'Leit dozou op, d'Parteiprogrammer selwer genee ze analyséieren an deene keng Stëmmen ze ginn, déi fir sozial Ongläichheeten kéinte suergen. Den OGBL ënnersträicht, dass ee komplett onofhängeg vun alle Parteie wier, ma dass een alles aneschters ewéi neutral a Saache Politik wier, well och d'Intresse vum Salariat politesch alles aneschters ewéi neutral wieren.

Den OGBL-President André Roeltgen


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.