Réckbléck DräierkoalitiounAn du war Luxleaks!

Fir Lëtzebuerg dee wuel gréisste Coup vun Nation Branding, mä net an déi erwënschte Richtung.

Si hu sech erkläert ... an hir Virgänger: Premier Bettel, Finanzminister Gramegna, Wirtschaftsminister Schneider a Justizminister Braz (vu lénks no riets).© RTL-Archiv (Max Theis)
D'Revelatioune vun November 2014 a parallel de "Luxleaks-Prozess" hu beschäftegt, beschäftegen a wäerte weider beschäftegen. E Réckbléck vum François Aulner.

Luxleaks: E Réckbléck vum François Aulner



Donneschden, den 11. November 2014. En décke Stempel vun der Lëtzebuerger Steierverwaltung steet op der "Une" vu sämtlechen Noorichtesitten uechter d'Welt. "Luxembourg Leaks", d'Luxleaks waren do.

Luxleaks - d'Titelen aus dem Journal vum Corinne Folscheid



D'geheim Dokumenter, dat sinn der vun der Auditfirma PWC, mam Stempel vum elo faméise "Bureau 6" vun der Steierverwaltung. Et sinn d'Rulingen, "Daum Héich", den Accord vun der Steierverwaltung, fir datt multinational Konzerner am Viraus wëssen, wéi vill se musse bezuelen ... Firme wéi Amazon, Koch oder Ikea konnten duerch divers Finanzkonstrukter, Methoden an Techniken hir Steiere bis op 1 Prozent erofdrécken ... Krisestaf bei der Regierung a Pressekonferenz mat Xavier Bettel, Etienne Schneider a Felix Braz, déi geschlossen do stinn, an de Finanzminister Pierre Gramegna, deen de Gros erkläert: alles legal!

Luxleaks - de Pierre Gramegna



Weider Deklaratiounen no de Luxleaks resuméiert: "'t ass eng Attack", "déi aner maachen et och", "mir sinn dogéint, datt Firme sou wéineg Steiere bezuelen", "mir hunn d'Bankgeheimnis ofgeschaaft". Lauter Justifikatiounen also, fir Dokumenter, déi op d'Joren 2000 bis 2012 zeréckginn, eng nawell ondankbar Tâche fir eng Regierung, déi knapps ee Joer steet. Keng Angscht, de Jean-Claude Juncker, grad neie President vun der EU-Kommissioun ginn, wéi d'Luxleaks erauskoumen, de krut säin Deel of.

Luxleaks - de Jean-Claude Juncker



D'juristesch Affär Luxleaks an de laangen a penibele Wee zum Fräisproch fir d'Whistleblower, d'Enquêten an d'Decisioune vun der EU-Kommissioun iwwert d'Rulinge fir Amazon, Engie a Fiat, de BEPS-Programm vun der OECD, d'Spezial an Enquêtekommissioune vum EU-Parlament, d'Geschicht vum Krecké-Rapport an d'Kontradiktioune vum Juncker, d'Steierharmoniséierung an Europa ... iwwer all dat misst nach méi geschwat ginn, mä doriwwer kéint ee Stonne schwätzen.

Ënnert dem Stréch kann een zeréckbehalen, datt d'Luxleaks fir déi eng eng Attack op Lëtzebuerg war, fir déi aner legitimmen investigative Journalismus. D'Fro vun der Steiergerechtegkeet krut eng nei Wichtegkeet, mä 4 Joer no de Luxleaks scheede sech nach ëmmer d'Geeschter.

D'Regierung ënnerstëtzt – spéitstens zanterhir an eegenen Aussoen no – transparent Reegelen a Steiergerechtegkeet. Ëmmer erëm gëtt awer gebremst, mam "level-playing-field". An anere Wieder: jo zu méi Steiergerechtegkeet, wann déiselwecht Reegele fir jidderee gëllen. Eng Demarche, déi 100% vun der CSV ënnerstëtzt gëtt, jo wann et ëm d'Bankeplaz geet, dann ass Union nationale.

Zum Schluss awer nach emol zeréck an d'Joer 2014: Wie war rëm do, fir Lëtzebuerg op der däitscher Tëlee beim Anne Will géint d'Sahra Wagenknecht ze verdeedegen?

Luxleaks - Sahra Wagenknecht vs Jean Asselborn





Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.