Déi GréngLëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger: "Ech hunn eist Land gär"

Eng Pressekonferenz als Plädoyer fir d'Wäerter vum Land: Dorop haten en Donneschdeg de Moien déi Gréng invitéiert.

Virwal-PK vun déi gréng / Reportage Eric Ewald



Si hunn dobäi e Videoclip presentéiert, an deem Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger soen "Ech hunn eist Land gär", an Analogie zum gréngen Deelslogan fir d'Walen "Well mer eist Land gär hunn".

Wéi de Minister Felix Braz sot, dierft jiddereen am Land dee Slogan benotzen; d'Attraktivitéit vum Land géif natierlech Erausfuerderunge mat sech bréngen, wéi beispillsweis am Logement an der Mobilitéit oder och am Schoulwiesen.

Déi Gréng géifen an deem Kontext awer no Léisunge sichen an net no Schëllegen, sou de Minister.

An och fir de Fait, dass 48% Net-Lëtzebuerger net um politesche Liewen deelhuele kënnen, hätt ee mam automateschen Aschreiwen op de Wielerlëschten um Gemengeplang e substanzielle Bäitrag, fir d'Léisung vum Problem ze liwweren, e Problem, dee blouf, och nom Referendum. Bis elo ginn et nämlech net genuch Leit, déi d'Recht, de Wieler oder de Gewielten ze sinn, och notzen. Ronn 20 Prozent vun de Leit, déi dëst Recht hunn, notzen et.

Domat géif dee Chiffer wuel an d'Luucht goen, mä net genuch, betount de Felix Braz. Fir deen hei am Land och déi verschidde geschwate Sprooche benotzt goufen, fir Integratioun z'erreechen, Sproochen, déi all wichteg wären.

Eist Land wär och grouss ginn, well et Leit opgeholl hätt; de Grand-Duché war een Emigratiounsland, ier et en Immigratiounsland gouf, an dat hätt Lëtzebuerg gepräägt, sou de Justizminister.

E Plädoyer géint eng Spaltung vun der Gesellschaft!




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.