VIDEO: Face-à-faceYves Cruchten (LSAP) - Max Hahn (DP)

Den DP-Deputéierten an den LSAP-Generalsekretär hunn e Freideg de Moien iwwert de Logementsproblem diskutéiert.

Face-à-face: Yves Cruchten vs Max Hahn (28.09.2018)
Den DP-Deputéierten an den LSAP-Generalsekretär hunn e Freideg de Moien iwwert de Logementsproblem diskutéiert.

D'Bauland muss mobiliséiert ginn, fir weider Wunnunitéiten drop kënnen ze bauen. Do ware sech um Freideg de Moien den DP Deputéierte Max Hahn an den LSAP Generalsekretär Yves Cruchten eens.

Face-à-face Logement: Resumé vum Nadine Gautier



A wann dat iwwert d'Baulandverträg, eng DP-Propos, klappt: firwat net. Op jiddwer Fall missten och déi ëffentlech Bauträger wéi d'SNHBM Terrainen zur Verfügung gestallt kréie fir kënnen drop ze bauen, sot den Yves Cruchten. Dat kéint zum Beispill iwwert ee Fong geschéien, wou de Staat Suen zur Verfügung géif stellen, fir datt d'Bauträger domadder kéinten Terraine kafen. De Bauperimeter opzemaachen, wier eng vun de Léisungen, allerdéngs géifen do d'Gemengen zécken, huet den Sozialistesche Politiker gemengt. Dat géif zum Deel dorunner leien, datt d'Delaie fir d'PAGEn vun de Gemenge schonn eng Xmol hu misste verlängert ginn. Datt Wunnperimeteren opmaachen, Naturschutzproblemer mat sech brénge kéint, wollt den Yves Cruchten net esou stoe loossen. Do wou Wunnraum geschaf soll ginn, soll een ebe bauen, an do wou Naturschutz bedriwwe soll ginn, soll een sech dorunner halen.

Déi lescht Joren ass vill am Wunnberäich geschitt, esou de Max Hahn vun der DP. Mä et kéint een an deem Beräich net genuch maachen, virun allem och well een een historesche Retard opzehuelen huet.

Wat eng national Taxe op nationalem Niveau ugeet, hu sech béid Politiker net d'Accord gewisen. Woubäi d'LSAP sech dofir ausschwätzt, well d'Taxe op Gemengeniveau net esou funktionéiert wéi gewënscht, soll si op nationalem Niveau agefouert ginn, fir datt et do och keng Differenzen an der Héicht vun den Taxe ginn. De Max Hahn vun der DP huet do gemengt, datt mat esou enger Taxe et zu enger Verdeierung géif kommen.

Face-à-face: Yves Cruchten vs Max Hahn


De Face-à-face géint 15 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay vun der Emissioun ze fannen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.