VIDEO: Serie (5)Am Waltaxi mam Carole Dieschbourg (Déi Gréng)

D'Ëmweltministesch war en Donneschdeg den Owend d'Invitée an eiser Emissioun Waltaxi, fir iwwer hir Aarbecht an och iwwer Géigenargumenter ze schwätzen.

Am Waltaxi mam Carole Dieschbourg (Déi Gréng) (27.09.2018)
Wat de Spacemining ugeet, wier ee manner enthusiastesch, esou d'Ëmweltministesch. Ma hir Partei huet de Projet matgedroen, fir e kritesch ze begleeden.

Wat huet si déi lescht 5 Joer op hirem Poste geleescht? Wéi gesäit si d'Regierungsaarbecht? En Donneschdeg den Owend war  d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg Invitée an der Emissioun "Waltaxi" op der Televisioun. An den Iwwerraschungsinvité, deen do op si gewaart huet, war de President vun der Fedil. An den Nicolas Buck ass direkt op de Punkt koum ...

Waltaxi mam Carole Dieschbourg: Resumé vum Nadine Gautier



Mat Kritik huet den Nicolas Buck nämlech net gespuert. A wollt wëssen, ob d'Ëmweltministesch géif verstoen, datt sech aner Entreprisen no de ganzen Diskussiounen ëm d'Jugurtsfabrik an d'Steewollfabrik Gedanken géife maachen? Net just déi, déi sech hei implantéiere wéilten, ma och déi, déi ewell hei wieren.

Eens ware sech déi zwee net an alle Punkten, well den Nicolas Buck huet zum Beispill gemengt, datt ee bei verschiddene Plafongen hätt kënne méi generéis sinn ... déi Plafonge wieren awer net fir näischt do, ma fir d'Liewensqualitéit, huet d'Ministesch gekontert.

Debatten an engem oppene Geescht féieren. Dat ass, wéi déi aner Länner eis gesinn, huet d'Carole Dieschbourg gemengt.

A wéi gesäit d'Ëmweltministesch dann d'Aussoe vum Etienne Schneider wärend dem Launch vum GovSat1, wéi hien eng Uspillung op eng Debatt mat der Ëmweltministesch gemaach huet? Dat misst ee mat Humor huelen, esou d'Carole Dieschbourg, an esou eng Remark an esou engem wichtege Moment wier jo och eng Unerkennung fir eng Ëmweltministesch.

Wat de Spacemining ugeet, wieren déi Gréng manner enthusiastesch, esou d'Ëmweltministesch. Ma trotzdeem huet hir Partei de Projet matgedroen. Esou Projete kritesch matzebegleeden, hätt och heiansdo seng positiv Säiten, esou déi gréng Politikerin. Tanktourismus an eng besser Mobilitéit waren da weider Sujeten, déi ugeschnidde goufen, esou wéi och d'Klimaupassung. Et hätt een eng Verdräifachung vun der Wandenergie an eng Verduebelung vun der Photovoltaik erreecht. Et wieren och Saachen en place, fir d'Leit mat op de Wee ze huelen, datt méi Energiekooperative gegrënnt ginn, ma et wieren nach Hausaufgaben ze maachen.

Si hätt op alle Fall Loscht, weider als Ëmweltministesch z'agéieren, esou d'Carole Dieschbourg. Keng Minutt dovunner hätt si bedauert.

Serie 1: Am Waltaxi mam Xavier Bettel (DP)
Serie 2: Am Waltaxi mam Marc Baum (Déi Lénk)
Serie 3: Am Waltaxi mam Roy Reding (ADR)
Serie 4: Am Waltaxi mam Jean Asselborn (LSAP).

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.