24 Momenter aus de leschte 5 Joer (2/3)Politiker on tour, Deputéierter am Duett an Äddi Camille Gira

Eng Dräierkoalitioun, dat war eng grouss Première fir dee klenge Grand-Duché. Eng Legislaturperiod mat "Ups and downs", wéi ëmmer. Markant Momenter 9-16.

© SIP / Charles Caratini - Montage: RTL-Grafik
Weider geet et mat eisem Réckbléck op déi lescht Legislaturperiod, also op Regierung an Oppositioun, inklusiv Bléck op Europa. Et ass e Réckbléck mat eeschte Momenter a mat manner eeschten. A mat engem ganz dramateschen. De Staatssekretär Camille Gira ass gestuerwen - iwwerem Schaffen, iwwerem Asaz fir d'Natur, um Riednerpult vun der Chamber ass hien zesummegaangen. An huet vill Leit drun erënnert, datt Politiker och just Mënsche sinn, datt mir all just Mënsche sinn. Lëtzebuerg war fir een Ament gëeent am Trauer.

Markant Momenter (2/3): Rep. François Aulner



9) Juncker op Bréissel, Frieden op London ... an nees zréck
Nodeems d'Neiwalen derfir gesuergt haten, datt op de Regierungsbänken d'Plaze gutt duerchgestéckelt goufen, koum et an der Foulée vun de Walen awer och an der Chamber zu verschiddene Changementer: Mat Effet op den 1. November 2014 ass de Jean-Claude Juncker EU-Kommissiounspresident ginn, scho virdrun hat hien den "Oppositiounsleader" um Krautmaart ofginn.

Den EU-Kommissiounspresident Juncker hei zesumme mam Donald Trump.© AFP


De Luc Frieden hat der Chamber nach méi fréi Äddi gesot: Vum 15. September 2014 u war hie Vice Chairman vum Konzern "Deutsche Bank" zu London. E Wiessel an déi privat Finanzbranche net emol 1 Joer, nodeems en als Finanzminister opgehalen hat. Dat huet natierlech fir zerguttstert Kritik gesuergt - vun Deontologiekodex iwwer moralesch Bedenke bis hin zu Interessenskonflikter.

Fir de Luc Frieden hätt d'Tessy Scholtes als Nächstgewieltent sollten noréckelen, ma déi fréier Karateka an Ex-Deputéiert huet verzicht, fir si ass d'Martine Mergen dunn hannescht op de Krautmaart gaangen.

Fir de Jean-Claude Juncker ass iwwregens de Laurent Zeimet nogeréckelt. Nieft dem Deputéiertemandat ass hie jo och nach CSV-Generalsekretär a Buergermeeschter vu Beetebuerg.

De Luc Frieden am RTL-Interview.


An de Luc Frieden war just bis Ufank 2016 bei der Deutsche Bank, op den 1. Oktober 2016 ass hien neien Associé an der grousser Lëtzebuerger Affekoten-Etüd "Elvinger Hoss Prussen" ginn, virdru war hie scho President vum Conseil vu Saint-Paul ("Luxemburger Wort") a President vum Conseil vun der BIL ginn. A fir d'CSV wëll/wäert hien 2019 bei den Europawalen untrieden.

Interessant gëtt e Sonndeg ze gesinn, wéi d'Absence vu Juncker a Frieden sech op d'Resultat vun der CSV auswierkt. De Jean-Claude Juncker war 2013 mat 55.968 Stëmmen de loin Éischtgewielten am Süden (op Plaz 2 de Jean Asselborn mat 38.257). An am Zentrum war de Luc Frieden bei der CSV d'Nummer 1 mat 29.441 Stëmmen, de Claude Wiseler koum deemools op déi 2. Plaz mat 26.590. Dee beschte Score hat am Zentrum de Xavier Bettel (32.064).

10) Rochaden am Finanzministère an op anere Plazen
Net just um Krautmaart, och a verschiddene Ministèren huet de Regierungswiessel fir "munteres Stühlerücken" gesuergt. Flagrantst Beispill: D'Hämorrhagie am Finanzministère mat den Departe vum Alphonse Berns, Georges Heinrich a Sarah Khabirpour. Nom Switch Gramegna-Frieden war op alle Fall kee Fridde méi am Haus, ma deen neien Haushär huet sech duerchgesat. Gepréichsbedarf hin oder hier. Wann d'Vertraue bis fort ass, ass et schwéier, et nees zeréckzekréien.

E schwéiere Stand hat zum Beispill awer och de Pierre Barthelmé, deemools Conseiller de gouvernement 1ère classe am (CSV-)Tourismus-Ministère an CSV-Kandidat op der Süden-Lëscht. Him war virgeworf ginn, de staatleche Fichier mat den Adresse fir privat Walkampfzwecker mëssbraucht ze hunn. De Pierre Barthelmé hat eng Disziplinarprozedur kritt a gouf an de Konkurrenzrot versat. Hien ass do Premier Conseiller de Gouvernement, iwwerhëlt den 1. November dann d'Presidence vum Conseil de la Concurrence.

CSV-Staat oblige, géif een do bal soen.

Cocasse war eng geplangten Nei-Affektatioun vun engem aneren héije Regierungsbeamten: De Paul Schmit, deen 2005 vum Lucien Lux am Transport vum Pouvoir ecartéiert gi war a "just" Regierungskommissär bei den CFL blouf (hier war och Member am CFL-Verwaltungsrot a Member am Staatsrot), sollt am Logementsministère d'Plaz vum 1. Regierungsconseiller Daniel Miltgen iwwerhuelen. Dat goung dunn awer net, well et Problemer mam Grad vum Paul Schmit gouf. Säi Grad wier esou an der Karriär vun der Regierungsverwaltung net virgesinn. Un der Pai ass de Switch vun engem DP-Mann an en DP-Ministère gescheitert ... De Paul Schmit ass Commissaire du Gouvernement près les CFL bliwwen a gouf dunn och nach - benevole - vum Dan Kersch als Expert a Saachen Trennung vu Kierch a Staat rekrutéiert ...

Apropos CSV-Staat: D'LSAP ass bal genee esou laang an der Regierung wéi d'CSV. Virun allem, wann ee vu Mëtt de 1970er u vergläicht.

11) Camille Gira RIP
De 16. Mee 2018 gouf de Lëtzebuerger Polit-Kosmos - an net nëmmen deen - schwéier getraff: Dee Mëttwoch de Mëtteg stoung dat neit Naturschutzgesetz um Ordre du jour vun der Chamber, ma ganz stënterlech ass d'Politik an den Hannergrond geréckelt. De Camille Gira war nämlech grad um Riednerpult, wéi hien op eemol zesummegaangen ass. D'Chambersessioun gouf natierlech direkt ënnerbrach an de Staatssekretär krut direkt medezinesch Hëllef. Trotzdeem koum méi spéit e Mëttwoch den Owend déi traureg Nouvelle, datt de Camille Gira gestuerwe wier. De grénge Politiker ass 59 Joer al ginn. Hie war bestuet a Papp vun zwee Bouwen. Lëtzebuerg war geschockt.



Fir de Camille Gira ass de Claude Turmes an d'Regierung als Staatssekretär nogeréckelt. De grénge Politiker, dee sech als Europadeputéierten en Numm gemaach hat an och international e gesichte Gespréichspartner war, ass also stënterlech vun der Partei heem geruff ginn ... wou eenzel Kommentatoren op RTL.lu eng Krawatt beim Eed vermësst hunn. Kleider machen Leute ...



12) Sproochepetitioune suerge fir Gespréich
Do soll nach ee soen, Petitiounen hätte kee Wäert! De Succès vun der Sproochepetitioun vum Lucien Welter war riseg: D'Fuerderung vu senger Petitioun 698 war, dass Lëtzebuergesch als éischt Amts- an Nationalsprooch gesetzlech fir all Awunner zu Lëtzebuerg misst festgeluecht ginn. Ronn 15.000 Ënnerschrëften sinn zesummekomm. (Aus deem Schwong ass souguer eng politesch Beweegung enstanen, de We2050, dee sech fir d'Wale mat der ADR zesummegedoen huet.)

D'Géigepetitioun 725 wollt dogéint de Status quo behalen, also "Neen zu eiser Mammesprooch als éischt offiziell Sprooch". Dës krut ronn 5.200 Ënnerschrëften.

Egal wéi: D'Sprooch war als Thema gesat. A mat hir d'Identitéit. An obwuel et ëm d'Lëtzebuergescht goe sollt, esou hat een den Androck, datt et op d'mannst grad esou vill ëm de Stellewäert vum Franséische goung. Vill wollten dee jo reduzéiert gesinn. Ma wann d'Lëtzebuergescht "première langue tant administrative que judicaire du pays" (Me Vogel) sollt ginn, da misst ee jo sämtlech juristesch Texter och op Lëtzebuergesch iwwersetzen. De Me Vogel huet dat an engem Lieserbréif esou kommentéiert:

Et ce serait une mer de mots ! Un océan !
Ce serait d'un ridicule mortel.
Rien ne prévaut sur la précision de la langue française dans les divers domaines du droit, qui a pour elle la tradition et l'érudition.
Ainsi pour l'essentiel de la chose publique, le luxembourgeois restera une langue secondaire.
Le français continuera à régir notre vie en société.

D'Petitiounen, déi fir vill Gespréich, Kritik, Sträit gesuergt hunn, waren awer och produktiv, well "eis Sprooch" war op eemol massiv um politesche Radar. D'Regierung huet en "Aktiounsplang zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch" (Text) mat enger Hellewull Mesuren ausschaffe gelooss. De Plang gouf ganz konstruktiv opgeholl, zum Beispill vun der Uni Lëtzebuerg, an de Soziolog Fernand Fehlen huet viru Kuerzem op RTL der aktueller Regierung attestéiert, esou vill fir d'Lëtzebuerger Sprooch gemaach ze hunn wéi nach keng virdrun. D'Educatioun an d'Kultur hate sech der Sprooch ugeholl.

An der Chamber gouf de Gesetzprojet zwar och kritiséiert, um Enn awer unanime ugeholl.

13) Asselborn à la Don Quijote
"Ech hu mech fir d'Rulinge geschummt", sot de Jean Asselborn op der däitscher Tëlee, wéi Lëtzebuerg wéinst senger Steiergesetzer nees am Kräizfeier vun der Kritik stoung. Ëmmer wann et gebrannt huet, war den Ausseminister op der Plaz an huet versicht, d'Feier ze läschen. Wat natierlech ëmmer en delikate Spagat war, wann ee selwer och scho virdrun an der Verantwortung war an ëmmer oppasse muss, wat een dobausse seet, well dat gëtt och doheem gehéiert ...



"Klare Kante" huet den Asselborn awer bei villen europäeschen an internationalen Theme gewisen. Seng Aussoen "Verstand vläicht net konzentréiert beim Här Trump", "dës Astellung passt bei een Diktator, deem d'Erhale vu senger Muecht méi wichteg ass, wéi all politeschen a moraleschen Anstand" (iwwer den ungaresche Ministerpresident Viktor Orban) oder elo rezent "Merde, alors" (zum italieneschen Inneminister Salvini no deem sengen Aussoen iwwer Flüchtlingen) hu fir e gedeelten Echo gesuergt: Déi eng hunn dat net diplomatesch fonnt a gefaart, dat kéint Lëtzebuerg schueden, déi aner hunn et daper vum Ausseminister fonnt, sech mat klore Wierder op d'Säit vun deene Schwaachen, also de Flüchtlingen, ze schloen. Eng Sisyphos-Aarbecht, ma als fervente Vëlosfuerer ass den Ausseminister strampele jo gewinnt.

14) Juncker um Sommet
E memorabelen Optrëtt hat de fréiere Lëtzebuerger Premier um Nato-Sommet zu Riga. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker war gutt opgeluecht, huet - virun de Kameraen a Fotoapparater - mat ville Spëtzepolitiker gelaacht a gegeckst, den ungaresche Regierungschef Viktor Orbán gouf esouguer mat de Wierder "Hallo, Diktator" begréisst an de Jean Asselborn krut wuel méi "freundschaftliche Klapse", wéi him léif war ...

Bis an d'Emissioun "Le petit Journal" op Canal Plus haten dem Jean-Claude Juncker seng verschidde behäerzte Begréissungen et gepackt - an do haten d'Humoriste bal Matleed mam Lëtzebuerger Ausseminister. (Op Youtube ass de Video nach ze fannen, awer net ëmmer mat léiwe Commentairen.)



Viru Kuerzem war de Jean-Claude Juncker op engem aneren Nato-Sommet opgefall, well e wackeleg op de Been war. Schold war eng Sciatique, also den Ischias-Nerv, deen dem Kommissiounspresident d'Liewe schwéier gemaach hat: "Gesondheetsproblemer gi just mech eppes un".

15) Bettel op der Grenz
Natierlech ass et um Ausseminister, e Land no baussen ze vertrieden, ma et ass natierlech och um Premier. Deen huet dat dann och gemaach, et wëll een der politescher Konkurrenz (trotz Koalitioun), jo net déi ganz Welt iwwerloossen. Eng vun de Reesen huet de Xavier Bettel a Südkorea gefouert, wou och eng symbolesch/touristesch Visitt vun der Grenz tëscht Süd- an Nordkorea um Programm stoung. De Kim koum zwar net, ma Diplomatie läit dem Premier ...

Lëtzebuerg ... a Südkorea ...
© SIP / Emmanuel Claude


... an esou muncher ee gesäit dora scho bal eng Job-Kandidatur. Wa schonn den aktuelle Premier an "Titelverdeedeger" am Face-à-face mam Challenger op RTL Télé Lëtzebuerg vum Prinzip hier net ausschléisst, datt hien an enger nächster Regierung Vize-Premier an Ausseminister ënnert engem CSV-Staatsminister Claude Wiseler kéint ginn.

VIDEO: De Face-à-face Bettel-Wiseler.



16) Deputéierten-Duett
Da gouf et an der leschter Legislaturperiod och nach en neien Trend: Question-parlementairë stellt een net méi eleng, ma zu zwee. Da schéngt d'Fro besser ze héieren ze sinn. Bei der CSV hunn Diane Adehm a Gilles Roth nawell gären am Duo gefrot, bei der DP si Max Hahn a Claude Lamberty bal ëmmer am Duett opgetrueden an dat net just beim Froe Stellen an der Chamber ...



À suivre. Drëtten a leschten Deel vum kuerze Réckbléck e Freideg de Moien um 7.30 Auer.

DEEL 1 vum Réckbléck: Vu Radar bis Referendum, vu Stick bis Nagel.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.