RTL-Presseclub vum 30. SeptemberD'Walcampagnen a Vandalismus

D'Journalisteronn um Sonndeg de Mueren huet déi national an international Aktualitéit analyséiert.

An zwou Woche gi mer wielen, an zanter déck zwou Wochen ass en am gaangen, de Walkampf - oder soll ee soe Walkrampf? Quasi ronderëm d'Auer héiert een, gesäit een oder liest een an de Medie vu Politiker an hiren Iddien, ma kommen déi bei de Wieler un? Ass et net einfach ze vill däers Gudden, obwuel d'Walcampagne dës Kéier vill manner laang dauert wéi soss?

Et gëtt een d'Gefill net lass, dass net all ze vill Ënnerscheeder tëscht de Parteie bestinn, an dat virun allem op de wichtegen Themefelder fir déi no Zukunft vum Land, d.h. Wuesstem, Mobilitéit a Wunnen. Dat hänkt natierlech domat zesummen, dass et keng Patent- oder Wonnerléisunge fir déi ugeschwate Problemer gëtt, ma missten d'Differenzen, och op anere Gebidder, net e bësse méi erausgeschielt ginn? Fir dass de Wieler „en connaissance de cause“ säi Kräiz oder seng Kräizer ka maachen?

Mir hunn donieft iwwert d'Fuerderunge vun de Sozialpartner fir d'Walen geschwat, Fuerderungen, déi no an no bekannt ginn, an iwwert d'Zerstéieren oder Vandaliséiere vu Walplakater, wat dës Kéier en Niveau erreecht, dee mer bis elo nach net kannt hunn.


Ënner anerem hunn doriwwer geschwat:

de Claude Karger vum Journal

den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek

den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt

an de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort

De Presseclub



De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.