ELO AM REPLAYFace-à-face - Martine Hansen vs. Claude Meisch

D'CSV-Politikerin Martine Hansen an den DP-Politiker Claude Meisch stounge sech e Freideg den Owend am Face-à-face géigeniwwer.

Face-à-face - Martine Hansen vs. Claude Meisch (28.09.2018)
Et ass net einfach, sengem (politesche) Géigner riicht an d’Aen ze kucken. Genee dat ass de Reiz vun engem Face à Face. Also wien huet déi bescht Argumenter?


Resumé Face-à-face / Reportage Claudia Kollwelter



"Dir hutt alles op d'Kopp gehäit" (Martine Hansen) géint "dir hutt jo keng Alternativen" ( Claude Meisch)

De Poste vum Educatiounsminister ass keen einfachen an net onbedéngt een dankbaren, do waren déi zwee Politiker sech eens.

Trotzdeem géife béid d'Erausfuerderung unhuelen, och wa se keng Posteverdeelung wollte maachen an d’Martine Hansen sech als ingénieur agronome och an der Landwirtschaft doheem fillt.

An der Diskussioun gouf virop déi sproochlech Fréifërderung bei deene ganz Klengen an de Crèchen ugeschwat. D’CSV setzt drop, fir d'éischt emol d'Mammesprooch ze festegen, ier d'Franséisch agefouert gëtt. Den DP-Minister berifft sech op Sproochewëssenschaftler, déi soen: Wat ee méi fréi ufänkt mat Sprooche leieren, wat een et och spéider méi einfach mat de Friemsproochen huet.

"De Beruff vum Enseignant ass ee schéinen a mir mussen déi Bescht duerfir kréien"

Den Enseignant ass deen deen alles ausmécht, seet d’Martine Hansen, mir mussen déi Jonk nees fir de Beruff motivéieren an déi Bescht an den Enseignement erakréien.

D'Schoulmeeschteren hätte vill ze vill administrativen Opwand, si misste sech erëm kënnen op d'Schoul konzentréieren, sou nach d'CSV-Politikerin. Mir hu mat der neier Rekrutéierungsprozedur villes erreecht, kontert de Claude Meisch, a mat de Kompetenzzentren, déi agefouert goufen, an den 150 spezialiséierten Enseignanten, déi bis 2020 agestallt ginn, komme mer den Enseignanten entgéint wat d'Problemer mat Léierschwieregkeeten a verhalensopfällege Kanner ugeet.

D’Martine Hansen huet dem Minister reprochéiert, vill Reformen duerchgeboxt ze hunn, ouni genuch mat de Leit um Terrain geschwat ze hunn, wat de Claude Meisch vehement zréckweist. Verschidde Reforme wiere scho jorelaang an der Maach gewiescht an ëmmer erëm duerchdiskutéiert ginn.

D’CSV hält dru fest, dass si ee Schouldirekter am Fondamental aféiere wëll a géif dat mat Pilotprojete lancéieren.

Wat de Manktem u Professeren am Secondaire ugeet, virun allem an den Fächer vun den Naturwëssenschaften, géif grad elo vill gemaach ginn, fir déi Jonk vu klengem un dofir ze begeeschteren, esou de Claude Meisch, dee sech de Virworf net wëll gefale loossen et wier ze vill a kuerzer Zäit iwwert de Knéi gebrach ginn.

Eng EDUCATIOUNS-TRIPARTIE?

"Kommt mir setzen äis gemeinsam mat allen Acteuren un ee Bildungsdësch, fir Parteiiwwergräifend iwwer eng gutt Bildung ze diskutéieren",  proposéiert de Claude Meisch, wann et ëm d'Zukunft vun eise Kanner geet, soll keng Parteipolitik gemaach ginn, de Minister werft der CSV vir, vill vu senge Reformen eleng aus Oppositiounsgrënn net matgestëmmt ze hunn an elo an hirem Walprogramm awer keng Alternativen ze proposéieren.

Mir wëllen elo net erëm alles op d'Kopp geheien, well de Secteur Rou brauch, kontert d'Martine Hansen, mee mir géife villes op de Leescht huelen an Upassunge maachen, sou och bei der Reform vun der Beruffsausbildung, wou nach op den Avis vum Staatsrot gewaart gëtt, an déi de Claude Meisch als ee Produit gesäit, wou d'Acteuren um Terrain mat ausgeschafft hunn.

Am Fall wou et eng schwaarz-blo Koalitioun géif ginn, wollt kee vun den zwee Politiker drop äntweren, wien da géif d'Educatioun iwwerhuelen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.