ULC"Verbraucherschutz gëtt an de Walprogrammer net immens grouss geschriwwen"

Um Méindeg de Moien huet d'ULC hir Analys virgestallt, wat am Endeffekt vun hire Revendicatiounen et och an déi eenzel Walprogrammer gepackt huet.

© RTL Radio Lëtzebuerg/Joel Detaille
De Fuerderungskatalog vum Konsumenteschutz un d'Parteien am Virfeld vun de Chamberwalen war nämlech kee Klengen.

ULC - E Reportage vum Joël Detaille


"De Verbraucherschutz gëtt en général leider net immens grouss geschriwwen", huet den ULC-President Nico Hoffmann virop bedauert.

Extrait Nico Hoffmann



Zu eenzelene Fuerderungen, wéi beispillsweis enger zousätzlecher Indextranche vun 1,5%, krut d'ULC esou beispillsweis mat Ausnam vun der KPL, vu kenger Partei Satisfaktioun. Dat selwecht gëllt och beim Volet Sanktioune bei Verstéiss géint d'Verbraucher-Recht, wou just d'ADR eppes an hirem Walprogramm stoen huet.

Als politesch-onofhängegt Organ, wëll de Konsumenteschutz och am Virfeld vum 14. Oktober keng Wal-Recommandatioun maachen, mä jidderee sollt sech am beschte selwer e Bild iwwert d'Positioune vun den eenzelene Parteien, an der neier Editioun vum "Komsument" maachen, dem Magasinn vun der ULC, dat dëser Deeg elo erauskënnt.

Kloer wier awer, dass d'ULC och no de Walen d'Koalitiounsgespréicher ganz genee wäert am Bléck behalen, fir dass de Verbraucherschutz an enger nächster Regierung net ze kuerz kënnt.

Méi doriwwer um 18.30 Auer am Journal op RTL Radio Lëtzebuerg an hei op RTL.lu.

© RTL Radio Lëtzebuerg/Joel Detaille


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.