Table ronde6 Parteien hunn iwwert de Sport diskutéiert

De Live-Debat war e Freideg de Mëtteg tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg. Hei d'Diskussioun am Replay.

Am Gespréich: Table Ronde iwwert de Sport (05.10.2018)
6 Parteien hunn iwwert de Sport diskutéiert
Resumé Table ronde Sport / Reportage Rich Simon



Am Kader vun de Chamberwale gouf et op Radio Lëtzebuerg och eng speziell Table ronde, wou just iwwer de Sport geschwat gouf: Wéi gesäit et mam Schoulsport zu Lëtzebuerg aus? Wéi kann een de Benevolat méi attraktiv maachen? Wéi steet et ëm déi sportlech Infrastrukturen a wéi vill Sue sti fir de Sport zu Verfügung?

Doriwwer hunn e Freideg de Mëtteg tëscht 12 an 13 Auer beim Rich Simon a Franky Hippert Vertrieder vu 6 Parteien diskutéiert. Folgend Politiker hunn un der Table ronde deelgeholl:

CSV: Nancy Kemp-Arendt
Déi Gréng: Josée Lorsché
LSAP: Romain Schneider
DP: Claude Lamberty
ADR: Roy Reding
Déi Lénk: Gary Diderich

D'Themen, déi ugeschnidde goufen, waren:

1) Sport bei deene Klengsten / Schoulsport
2) Héichleeschtungssport
3) Benevolat
4) Infrastrukturen
5) Finanzen

Table ronde: 6 Parteien hunn iwwert de Sport diskutéiert



Déi nei Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.