VIDEO: Serie (6)Am Waltaxi mam Claude Wiseler (CSV)

E Mëttwoch den Owend war den CSV-Spëtzekandidat Gaascht am Waltaxi ... an e gouf vum Jemp Schuster iwwerrascht.

Am Waltaxi mam CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler (03.10.2018)
Iwwerraschungsgaascht war de Jemp Schuster. Ob de Kabarettist de Politiker aus der Fassong brénge konnt?
Deen hat scho bal gefaart, de Claude Wiseler géif hien net fannen ...

Waltaxi mam Claude Wiseler: Resumé vum Claude Zeimetz



"Déi meescht Leit si jo haut mat engem GPS oder mat engem Navi ënnerwee an Dir laaft anscheinend nach ëmmer mat engem Kompass duerch d'Landschaft." De Kompass géif nach ëmmer eppes ausdrécken, esou de Claude Wiseler op d'Pick vum Jemp Schuster, deen du gefrot huet, ob de Claude Wiseler de "Kolumbus vun der CSV" wier ...

De Kabarettist huet sech seng léif Méi ginn, fir ze stëppelen. Ob de Claude Wiseler da mat sengem Kompass wéisst, wou en hi wéilt? Ob hien da keng Angscht hätt viru Parteifrënn, déi hannert sengem Réck schonn am Gaang wieren, d'Messeren ze wetzen. Oder ob d'CSV dann net déi Al à la Jacques Santer an Astrid Lulling antëscht vergiess hätt? Ma de Claude Wiseler ass weider net drop agaang, huet ëmmer rëm Elementer aus der CSV hirem Plang fir Lëtzebuerg afléisse gelooss an huet schéi manéierlech op all d'Froe geäntwert, och wéi de Jemp Schuster moralesche Schuedenersatz vun him wollt, well hie fir d'Emissioun den CSV-Walprogramm hätt misse liesen. "Ech war traumatiséiert ..."

Äntwert Wiseler: "Ech sinn emol frou, datt Dir e gelies hutt." A fir d'Entschiedegung sollt hie sech dann awer w.e.g. un RTL riichten ... sot den CSV-Kandidat an huet gelaacht.

Drock géif hien elo an der Walcampagne weider kee spieren. Nodeems déi ganz Viraarbecht gemaach wier, wier den Zuch elo nämlech op de Schinnen. Deen, deen der CSV no d'Land mat roueger Hand regéiere soll, gëtt sech also ganz zen.

Wat hätt de Claude Wiseler amplaz vum Jean Asselborn gemaach, wéi dee wéinst den Aussoe vum italieneschen Inneminister Matteo Salvini aus der Haut gefuer ass? Wat de Salvini gesot huet, géif hien inakzeptabel fannen, dat géif hie rose maachen an hie fënnt, datt een dat net an der Politik mécht, esou de Claude Wiseler. De Jean Asselborn hätt op seng spontan Aart a Weis reagéiert, hien, de Claude Wiseler, hätt vläicht dat selwecht geduecht wéi de Jean Asselborn, hätt awer aner Wierder gebraucht ... fir datselwecht ze soen.

Traureg, rosen an desesperéiert wier hien, datt d'EU-Memberstaaten d'Solidaritéit, där se verflicht wieren, elo a Fro stellen. D'Politik, déi ënnert anerem vun engem Viktor Orban gemaach gëtt, kéint een net acceptéieren. Dat hätt d'CSV och an der EVP an aller Däitlechkeet zum Ausdrock bruecht.

Den nächste Waltaxi leeft en Donneschdeg den Owend ëm 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg (1. Programm) an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno wéi ëmmer am Replay ze fannen ass.

Da fuere mat: de Sven Clement vun der Piratepartei an den Ali Ruckert vun der KPL.

Déi komplett Serie mat alle Videoen
Serie 1: Am Waltaxi mam Xavier Bettel (DP)
Serie 2: Am Waltaxi mam Marc Baum (Déi Lénk)
Serie 3: Am Waltaxi mam Roy Reding (ADR)
Serie 4: Am Waltaxi mam Jean Asselborn (LSAP).
Serie 5: Am Waltaxi mam Carole Dieschbourg (Déi Gréng).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.