VIDEO: Face-à-faceLydia Mutsch (LSAP) - Jean Schoos (adr)

D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an den ADR-Parteipresident Jean Schoos hunn iwwert d'Thema Gesondheetspolitik diskutéiert.

Face-à-face: Lydia Mutsch vs Jean Schoos (05.10.2018)
D'Gesondheetsministesch an den ADR-Parteipresident hunn iwwert d'Thema Gesondheetspolitik diskutéiert.

D'LSAP trëtt an hirem Walprogramm derfir an, fir d'Waardezäiten an den Urgencen op 2 Stonnen ze reduzéieren. Si wier optimistesch, datt dat klappt, sot d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch e Freideg de Moien an engem Face-à-face mam Jean Schoos. Den adr-Parteipresident huet Beispiller gi vu Leit déi stonnelaang hätte misse waarden. Datt nëmmen 5% vun de Patiente stonnelaang an der Urgence Gedold misste hunn, kéint hien net gleewen. D'adr plädéiert fir eng Maison médicale am Osten, zum Beispill um Potaaschbierg an eng maison médicale pédiatrique am Norden. Fir d'LSAP musse Maisons médicales och an Zukunft un e Spidol gekoppelt bleiwen. D'Gesondheetsministesch huet nach emol hir Iddi vun de Gemeinschaftspraxisse verdeedegt.

Face-à-face Lydia Mutsch-Jean Schoss: Resumé Dany Rasqué

Eng Ouverture gouf et um Niveau vun den IRMen vun der LSAP-Politikerin. Den Ament géif d'Gesetzgebung net erlaben, fir en IRM an enger Privatpraxis ze bedreiwen. D'Lydia Mutsch sot sech awer oppen iwwert nei Konzepter nozedenken. An engems huet si nach emol widderholl, datt d'nächst Joer 4 zousätzlech IRMen a Spideeler sollen opgoen. D'Aarbechte wieren am Gaang. Déi éischt sollen an den nächste Méint operationell sinn.

Leit, déi bei den Dokter ginn, mussen eng Vertrauensbasis zu him opbaue kënnen, seet d'alternativ demokratesch Reformpartei. Duerfir misst ee sech kënnen a senger Sprooch ausdrécken. D'adr hält drop, datt all d'Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur no 2 Joer am Beruff e Lëtzebuergeschtest maachen. Wa se deen net packen, kéinte se net méi weiderschaffen. Der Gesondheetsministesch no, géifen d'Spideeler antëscht ganz vill Efforte maachen, fir Lëtzebuergeschcoursen unzebidden.

Face-à-face: Lydia Mutsch vs Jean Schoos



De Face-à-face géint 10 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay vun der Emissioun ze fannen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.