VIDEO: Serie (7)Am Waltaxi mam Ali Ruckert (KPL) a Sven Clement (Piraten)

D'kommunistesch Partei an d'Piraten hunn an alle 4 Bezierker komplett Lëschte fir d'Chamberwale presentéiert.

An der Emissioun Waltaxi mam Ali Ruckert vun der KPL an dem Sven Clement vun de Piraten Lëtzebuerg goung et en Donneschdeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg ënnert anerem ëm d'Roll vun de klenge Parteien an eisem demokratesche System an ëm hir Propose fir dës Walen.

An engem Punkt ware sech béid Politiker séier eens: Déi zwou Parteie wëllen de Sprong an d’Chamber packen a sinn der Meenung, datt méi Parteien an der Chamber fir eng besser Diskussiounskultur géife suergen.

Nieft Kritik un der aktueller Politik si béid Politiker op hir konkret Proposen agaangen.

Am Waltaxi mam Ali Ruckert (KPL) a Sven Clement (Piraten) (04.10.2018)
Waltaxi


Déi komplett Serie mat alle Videoen
Serie 1: Am Waltaxi mam Xavier Bettel (DP)
Serie 2: Am Waltaxi mam Marc Baum (Déi Lénk)
Serie 3: Am Waltaxi mam Roy Reding (ADR)
Serie 4: Am Waltaxi mam Jean Asselborn (LSAP).
Serie 5: Am Waltaxi mam Carole Dieschbourg (Déi Gréng).
Serie 6: Am Waltaxi mam Claude Wiseler (CSV)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.