ELO AM REPLAYFace-à-face - Xavier Bettel vs. Claude Wiseler

Den aktuelle Premier an DP-Politiker Xavier Bettel an den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler stounge sech e Freideg den Owend am Face-à-face géigeniwwer.

Resumé Face-à-face Bettel vs Wiseler / Rep. Pit Everling



De Premier Xavier Bettel schléisst vum Prinzip hir net aus, datt hien ënnert enger nächster Regierung Vize-Premier an Ausseminister ënnert engem CSV-Staatsminister Claude Wiseler kéint ginn. Ënner anerem dat ass aus dem Face-à-face e Freideg den Owend op Télé Lëtzebuerg zeréckzebehalen.

Eng Stonn laang stounge sech béid genannte Politiker do géintiwwer an hu gréisstendeels roueg a sachlech mateneen diskutéiert.

Face-à-face - Xavier Bettel vs. Claude Wiseler (05.10.2018)
Et ass net einfach, sengem (politesche) Géigner riicht an d’Aen ze kucken. Genee dat ass de Reiz vun engem Face-à-face. Also wien huet déi bescht Argumenter?

Natierlech wier et um Wieler ze tranchéieren an natierlech misst ee sech duerno och eens ginn, och op deene Punkten, wou ee sech den Ament nach net esou gréng ass.

Wat fir de bloe Staatsminister Bettel jiddefalls en Tabu wier, wier fir Mesuren aus de leschte 5 Joer réckgängeg ze maachen.

Gréisser Ënnerscheeder tëscht béide Parteie gesäit hien zum Beispill an der Familljepolitik, de Claude Wiseler confirméiert op där aner Säit. Ee Sträitpunkt kéint an deem Kontext jiddefalls d'Bäibehalen oder d'Ofschafe vun der Steierklass 2 ginn.

De Claude Wiseler klot dernieft eng chaotesch Educatiounspolitik un. De Xavier Bettel wëll fir säin Deel wëssen, wat d'CSV da genee mengt, wa sou vun enger "neier Bescheidenheet" schwätzt déi sollt kommen.

Net ganz eens ware sech Claude Wiseler a Xavier Bettel dann och iwwer de Scholde-Bilan vun der aktueller Legislatur-Period, fir deen een ass d'Schold erofgaangen, fir deen aneren erop gaangen, Ausso géint Ausso, oder eng Affär vum Point de vue.

Keng Affär vum Point de vue ass, datt den Toun tëscht béide Politiker e rouegen a sachlechen ass, déi ganz Campagne wier korrekt an et géife keng perséinlech Attacke ginn, begréissen d'Spëtzeleit vun DP an CSV.

Natierlech misst een ofwaarden, wéi de Wieler tranchéiert, gouf souwuel déi eng Säit ewéi och déi aner Säit vum Dësch ëmmer nees rappelléiert.

Sollt d'CSV an enger nächster Regierung sinn, da géifen et iwwregens keng 18 Regierungs-Membere méi ginn, seet de Spëtzekandidat Claude Wiseler, mä just nach 12 bis 15. Beim Choix vun de Käpp wieren d'Kompetenz an d'Walresultat decisiv. De Xavier Bettel huet net widdersprach.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.