VIDEO - BréifwalBis en Donneschdeg muss d'Enveloppe agehäit sinn

An enger Woch ass déi nei Chamber gewielt - ma eng gutt Partie Leit hunn dat ewell via Bréifwahl gemaach, respektiv mussen et nach maachen.

Walbüroen, Bréifwal a Convocatiounen (08.10.2018)
Dëse Sonnden si genee 256.698 Bierger opgeruff, hir Volleksvertrieder ze wielen.
Bis spéitstens en Donneschdeg den Owend, respektiv zur Zäit, wann d'Bréifkëscht fir d'lescht eidel gemaach gëtt, muss d'Enveloppe mam Walziedel agehäit gi sinn, fir datt se zur Zäit am Walbüro ass.

Et ass awer och méiglech d'giel Enveloppe mam Walziedel nach um Walsonndeg tëscht 8 an 14 Auer am Haaptwalbüro vun der respektiver Gemeng ofzeginn - dëst ass definitiv deen allerleschten Delai.

An eenzele Gemengen haten et iwwerdeem Problemer ginn, datt Leit net op de Lëschte vun de Bréifwieler drop waren, obwuel se dës ugefrot haten - de Responsabele vum staatleche Centre des Technologies de l'Information no, hätt dëst awer net un technesche Problemer geleeën.

Fir d'Leit, wou d'Demande op Bréifwal net "duerchgaangen" ass, heescht et elo awer sech um Walsonndeg an de Walbüro ze deplacéieren.

D'Rekordzuel vun 40.000 Leit huet iwwerdeem fir den 14. Oktober d'Bréifwal ugefrot gehat - dat sinn eng ronn 16% vun allen 257.000 Stëmmberechtegten. 2013 waren et nëmme ronn 8%.

Oflaf vun de Walen
Bal 257.000 Leit sinn dëst Joer berechtegt, bezéiungsweis verflicht, hir Stëmm fir d'Chamberwalen of ze ginn. Bei der Auszielung vun de Stëmme kënnegt de Centre des Technologies de l'Information de l'Etat fir dëst Joer eng Neiegkeet un.

E Sonndeg, nodeems déi 678 Walbüroen hei am Land zougemaach hunn, gëtt fläisseg gezielt. Déi reng Lëschtestëmme gi fir d'éischt bei der CTIE gemellt an direkt duerno publizéiert, dat kéint da souguer schonn tëscht 15 a 16 Auer sinn, esou de Jean-Claude Olivier, Direkter vum Service information et presse a President vum "Bureau centralisateur gouvernemental. Soss sinn d'Lëschtestëmmen ëmmer mat de panachéierte Stëmme matgezielt ginn.

Vun 18 Auer u rechent ee mat den éischte reschtleche Resultater aus de Gemengen, op elections.public.lu an natierlech iwwer d'Presse ginn des Resultater verëffentlecht, sou de Guy Zenner. soubal eng Zuel do ass, ginn och automatesch d'Mandater matgerechent.

Déi meeschte Wieler ginn an der Gemeng Lëtzebuerg wielen, 28.700 sinn et der do, déi klengste Gemeng ass Saeul mat 477 ageschriwwene Wieler.

Nei ass och, dass d'Wieler keng Convocatioun méi mat an de Walbüro huelen, eng Carte d'Identité oder e Pass geet duer.

Déi offiziell Matdeelung
Dépôt des bulletins de vote par correspondance

Communiqué par: Bureau centralisateur gouvernemental

Il est porté à la connaissance des électeurs résidents qui votent par correspondance que pour garantir l'arrivée à temps des bulletins de vote par correspondance, il est recommandé de poster son bulletin de vote au plus tard le jeudi, 11 octobre 2018 avant la dernière levée indiquée sur la boîte aux lettres.

Les électeurs qui n'ont pas envoyé leur bulletin de vote par correspondance par la poste, peuvent encore remettre leur enveloppe jaune, renfermant l'enveloppe électorale contenant le bulletin de vote, au bureau de vote principal de leur commune le jour des élections entre 8 et 14 heures.