24 Momenter aus de leschte 5 Joer (3/3)Kierch, Kleeschen a Kaddoen, School, Space a Strooss

Drëtten a leschten Deel vun eiser retrospektiver Collage, déi eenzel Aspekter vu Koalitiouns- an Oppositiounsaarbecht beliicht. Markant Momenter 17-24.

© SIP / Charles Caratini - Montage: RTL-Grafik
't huet een heiansdo d'Gefill, d'Welt géif ëmmer méi séier dréien. Och zu Lëtzebuerg ass an de Joren 2013 bis 2018 vill geschitt. A verschiddenen Domäner kéint ee vun Zäsure schwätzen. Datt dat net ëmmer ouni Niewegeräischer iwwert d'Bühn geet, versteet sech vum selwen ...

Markant Momenter (3/3): Rep. François Aulner



Réckbléck Deel 1/3: Vu Radar bis Referendum, vu Stick bis Nagel.
Réckbléck Deel 2/3: Politiker on tour, Deputéierter am Duett an Äddi Camille Gira.

17) Trennung vu Kierch a Staat
D'Dräierkoalitioun hat et ugekënnegt an d'Dräierkoalitioun huet geliwwert: Zu de markantste Reformen an de leschte 5 Joer zielt eendeiteg dat, wat graff als Trennung vu Kierch a Staat resuméiert gëtt. Am Ufank sollt d'Fro no där Trennung och am Referendum sinn, gouf du finalement awer net zeréckbehalen, wat evidenterweis zu ënnerschiddleche Bewäertunge gefouert huet. Trotzdeem gouf de Sujet ugepaakt: Eng Konventioun tëscht dem Staat an der kathoulescher Kierch huet d'Relatiounen nei definéiert, parallel huet de Wäerteunterrecht (d'Fach "Vie et société") de Reliounsunterrecht ersat. En Thema voller Emotiounen! Deenen engen ass d'Initiativ vun der Regierung ze wäit gaangen, deenen aneren net wäit genuch. Ma Politik a Bistum si sech nach relativ séier eens ginn, de Widderstand vun de Kierchfabricken hat een awer wuel ënnerschat.



Deenen hiren Daachverband Syfel ass souguer juristesch géint de Bistum an d'Regierung virgaangen. Mat enger Assignatioun, an där de Xavier Bettel, den Dan Kersch an den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich perséinlech ugesicht gi waren. Am Zivilprozess sinn d'Riichter awer zur Konklusioun komm, datt d'Plainten irrecevabel waren. Am A vum Zyklon stoung den Inneminister Dan Kersch, deen och méi wéi eemol perséinlech ugegraff gouf, ma hien ass sengem Wëllen, fir Transparenz an deem Beräich ze suergen, trei bliwwen.

18) Willibrord a Kleeschen
"Eng Sauerei!" Dësen Ausruf staamt net vun iergendwengem, ma vum Äerzbëschof himself. Gesot op der Sprangprëssessioun dëst Joer, an de Mikro. Den Hannergrond war deen hei: Den Edukatiounsminister hat decidéiert, datt Péngschtdënschdeg net méi d'office schoulfräi wier, fir op Iechternach sprangen ze goen. All puer Joer fält deen Dag nämlech net an d'Woch vun der Schoulvakanz. Natierlech kéint sech awer jidderee fräi froen, wann en deen Dag op Iechternach pilgere wéilt.




Verschiddene goung dat net wäit genuch, ënnert anerem dem fréieren Iechternacher LSAP-Buergermeeschter an -Deputéierte Jos Scheuer, deen eng erfollegräich Petitioun lancéiert hat. Mat Verweis op d'Unesco gouf vehement ee fräien Dag gefuerdert. Salomonesch Propos vum Claude Meisch: En Dag vu der Lëtzebuerger Kultur an dem Lëtzebuerger Patrimoine gëtt agefouert an déi nächste Kéier, also 2019, wa Péngschtdënschdeg net an d'Vakanz fält, ass deen Dag dann. D'Petitionäre fannen deen Dag gutt, e fräien Dag fir d'Sprangprëssessioun fuerdere si nawell. Den 11. Juni 2019 ass déi nächst Sprangprëssessioun. Et dierf ee gespaant sinn, fir am Jargon ze bleiwen, ob no vir oder no hanne gespronge gëtt an deem Dossier ...

Nach ëmmer wëllkomm - och an de Lëtzebuerger Schoulen!


Nach een aneren Hellegen hat een Ament fir vill Gespréich gesuergt, nee, net bei deene Klengen, ma bei deene Groussen! Vun der CSV war d'Gerücht gestreet ginn, den Zinniklos wier an de Schoulen net méi wëllkomm, well sech eenzel Kanner um reliéisen Hannergrond stéiere kéinten. D'Suerg hat hiren Ursprong anscheinend zu Schëffleng, ma do gouf et guer kee Kleeserchersverbuet. Much Ado About Nothing?

"Et gëtt Leit, déi Problemer schafen, fir Politik dermat ze maachen." Esou hat den Educatiounsminister Claude Meisch op déi Pseudo-Affär reagéiert an am RTL-Interview betount, de Kleesche wier iwwerall wëllkomm, fréier an och an Zukunft. An et misst een dofir suergen, datt d'Auslänner, déi an d'Land an an eis Schoule kommen, eis Gebräicher kenneléieren. Et dierfte keng Problemer an d'Welt gesat ginn, déi et an der Realitéit net géif ginn.

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, bréng ons Saachen allerhand ...

D'DP hat iwwregens vum CSV-President Marc Spautz eng Entschëllegung am "Kleeserchers-Gate" gefrot.

Där gouf et op alle Fall emol eng, nodeems dem Politiker op engem Bezierkskongress eng Bemierkung iwwer rosa Police-Uniformen erausgerutscht war. Nëmmen een Dag duerno gouf déi Bemierkung ëffentlech bedauert an zeréckgeholl a sech duerfir entschëllegt.

19) Grëff no de Stären
Ass et eng nei Nischepolitik fir de Grand-Duché? Nach weess keen dat esou genee, ma de Wirtschaftsminister gleeft drun. Ganz fest. A säin Optimismus kënnt net vun ongeféier ... Jo, et geet natierlech ëm dee faméise Spacemining: Lëtzebuerg ass dat éischt Land an Europa an dat zweet op der Welt, dat e gesetzleche Kader fir de Spacemining geschaaft huet. Et geet also ëm den Ofbau vu Ressourcen op Asteroiden. Gehollef huet dem Etienne Schneider dobäi iwwregens keen anere wéi de fréieren CSV-Minister an haitegen Affekot Jean-Louis Schiltz.

Den Etienne Schneider an de Jean-Louis Schiltz© Luc Rollmann


Zanterhier annoncéiert de Wirtschaftsminister all gudden Dag, datt eng weider Firma sech zu Lëtzebuerg néierléisst oder mam Grand-Duché eng Kooperatioun ageet - ass de Weltall also eis nei Nisch? Et ass net auszeschléissen an och d'CSV huet signaliséiert, datt si dem Spacemining positiv géigeniwwer steet ... A wéi an den USA déi éischt GOV-SAT1-Rakéit lancéiert gouf, huet de Premier op Facebook e Video publizéiert, op deem een de Wirtschaftsminister héiert soen: "Wat soll d'Carole dozou soen?" - antëscht bal e Slogan mat Kultcharakter, deen déi Gréng dann och direkt an e Walspot agebaut hunn ... wat am Face-à-face Schneider-Bausch op der Tëlee natierlech och thematiséiert gouf ...



D'Wirtschaftspolitik huet awer net just beim Spacemining méi gëeent wéi gespléckt, och wéi Google ugeklappt huet, hunn déi grouss Parteien am Fong all de rouden Tapis ausgerullt. Den Internetgigant soll op Biissen kommen, ma dat schéngt nach ein bißchen ze daueren. Vläicht misst ee mol nees googelen ...

Net eens war ee sech dogéint bei der Jugurtfabrik Fage a bei der Steewollfabrik Knauf. Minister an Ekonomie sote jo, ma Deeler vun der Politik soten nee. Gréng war skeptesch an huet sech géint de roude Minister gestallt. Knauf wëll elo an d'Lorraine, ma och do schéngt et Widderstand ze ginn. De Jugurt, wou de Minister sech bei de Steierrecetten zimlech verschat hat, wollt op Beetebuerg, ma den CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet hat Bedenke geäussert.

Et geet ëm déi ëmmer méi wichteg Fro vum Wuesstem, vum qualitative Wuesstem a senger Nohaltegkeet. Allerdéngs stoungen deen Ament och schonn d'Wale vrun der Dier an do wëll ee jo dann och säi Profil schäerfen ...

20) "Ech ka vill" a "roueg Hand"
Apropos Profil: "Ech ka vill a stellen dat menger Partei zur Verfügung", hat d'Viviane Reding Ufank 2018 op Radio Lëtzebuerg gesot, wéi si hire Retour an déi national Politik ugekënnegt huet. D'Ausso hat vill Opmierksamkeet kritt, dobäi hat d'Viviane Reding schonn deemools betount, si géing hanner dem Spëtzekandidat Claude Wiseler stoen a wier keng Gefor fir dësen.

D'Viviane Reding - "vill"



E bësse méi spéit huet d'CSV-Kandidatin relativéiert, si wär mat hirer Ausso falsch verstane ginn. Si hätt wëlle soen, et gi vill Saachen ze maachen an enger Regierung. Et géif net ëm deen een oder aneren Dossier goen.

Wat de Spëtzekandidat vun der CSV ugeet, dee gouf scho fréi als Premier in spe gesinn. D'Viviane Reding sot dat ewell am Januar an um rezenten ausseruerdentlechen Nationalkongress gouf vum "Premier mat klorem Kapp, roueger Hand an engem Kompass" geschwat.

D'Viviane Reding - Wiseler



Virun allem de Kompass vum Claude Wiseler hat et vill Kommentatoren ugedoen, am Navizäitalter. A wat déi roueg Hand ugeet, hunn eenzel Observateure gemengt, déi hätt d'CSV an der Oppositioun scho mol ënner Beweis gestallt ...

© Robert Straus


21) Sintflut, direkt zweemol
Direkt zweemol an de leschte 5 Joer gouf Lëtzebuerg vun onheemleche Waassermassen "iwwerfall". Et ware Biller vun Zerstéierung, wéi ee se seelen hei am Land gesäit. De Schock war grouss, d'Leed och, ma och d'Solidaritéit.

No den éischte massiven Iwwerschwemmunge virun allem am Raum Fiels, Miedernach, Iermsdref, Reisduerf an der Zäit vum 22. op den 23. Juli 2016 ware vill Regierungsmembere séier op der Plaz.

D'Héichwaasser 2016.



Zwee Joer duerno hunn d'Naturgewalten op en Neits zougeschloen - besonnesch betraff war den 1. Juni 2018 de Mëllerdall, ma Iwwerschwemmunge gouf et op méi Plazen am Land ... Och hei war d'Regierung nees eenzock an de sinistréierte Regiounen, huet Hëllef versprach an dat Versprieche gouf och gehal. Schneider a Closener hu souguer d'Arméi geruff fir ze hëllefen.

D'Héichwaasser 2018.





Zur Erënnerung: An Däitschland am Joer 2002 war d'Héichwaasser vun der Elbe walentscheedend. De Gerhard Schröder hat sech als Krisekanzler inzeenéiert ... an dat gouf vun de Wieler honoréiert: D'Flut huet de Stoiber ewech- an de Schröder an d'Kanzleramt gespullt. - Wéi präsent ass d'Héichwaasser nach hei?

22) School-Leaks
Fir ganz vill Gedeessems huet ee weidere Leak gesuergt gehat, déi Kéier an der Schoul. Prüfungsfroe waren ze fréi bekannt ginn - duerch Enseignanten!

Déi éischt - logesch, awer net onbedéngt erfreelech - Konsequenz war fir d'Schüler, déi verschidden Tester hu mussen nei schreiwen.

Domat war d'Saach awer nach net gedoen: Et gouf Uschëllegungen an Entschëllegungen, d'Saachen ass op d'Geriicht gaang, et gouf Disziplinarprozeduren an d'Verdeelung vun den Tester gouf nei organiséiert.

Wat ni ganz eendeiteg gekläert gouf: War et just e Faux-pas? Eng falsch verstanen Hëllef? Eng bewosste Fuite, fir op Faillë vum System opmierksam ze maachen? Oder eng bewosst politesch Aktioun géint de bloen Educatiounsminister? Well net hie war éischten Uspriechpartner, mä CSV-Deputéiert ...



23) Gestreiks a Gekaddos
An enger Demokratie ass d'Regierung den éischten Adressat, wann ee Fuerderungen duerchsetzen oder Wënsch erfëllt kréie wëll. E probat Mëttel kann do sinn: e Streik! Där goufen et e puer an der leschter Legislaturperiod, 2014 sinn zum Beispill d'Schüler duerch d'Stad gezunn, géint den "Zukunftspak" (déi viregt Regierung hat iwwregens e "Krisepak" op de Wee bruecht, wéi d'Labelen dach wiesselen).



De 25. Abrëll 2014, jo, et ass ewell laang hier, hunn iwwer 10.000 Schüler a Studenten hir Onzefriddenheet manifestéiert. Den Educatiounsminister Claude Meisch sot sech am Ufank iwwerrascht, krut d'Käschten, zesumme mam Staatssekretär a spéideren Héichschoulminister Marc Hansen, awer aus dem Feier, well den Dossier vun de Studiebäihëllefen huet sech antëscht berouegt.



Grouss Maniff och de 4. Juni 2016 vum Spidol-, Fleege- a Sozial-Secteur: Déi Beschäftegt hunn endlech eng Opwäertung vun hire Carrièrë gefuerdert, eng 9.000 Leit waren de Gewerkschaften no um Dill. Am Fleegesecteur gouf dann och 2018 gestreikt ...




Donieft gouf et natierlech e sëllechen aner Maniffen a Protester ... mol méi grouss, mol manner ...

Géint Enn vum Mandat goufen dunn awer och - wéi üüblech - eng Rëtsch "Kaddoe" verdeelt: Mat der CGFP gouf déi ëmstridden 80-80-90-Reegel begruewen, OGBL, Copas a Regierung hu sech op en Accord am Fleegesecteur gëeenegt, den ëffentlechen Transport gouf fir Schüler a Studente gratis gemaach, d'Schoulbicher och - vun den Auswierkunge vun de Steiererliichterungen net ze schwätzen.

Ob et och e Merci fir dës Kaddoe gëtt?

24) Äddi Trio, Moien Duo?
ZESUMMEN ass de Slogan vun de Sozialisten an der Walcampagne. (Fir verschidden CSVler net vun ongeféier en Déjà-vu.) Ma an der Campagne stinn déi eenzel Parteien awer all léiwer eleng do. Keng gemeinsam Reklamm fir d'Meritte vu Gambia! E "Stand-Alone" fir maximal Kompatibilitéit nom Wielervotum e Sonndeg?

Den Etienne Schneider hat nach eng Lëtzebuerger Variant vun der franséischer "En-Marche-Beweegung" an d'Spill bruecht, déi d'CSV direkt als Aktioun géint si interpretéiert huet. Egal wéi, d'Weeër vu Gambia sinn an der Lescht net méi ëmmer an déi selwecht Richtung gaangen. Den Alex Bodry hat "reporter.lu" gesot, et géif kee gemeinsame blo-rout-grénge Projet méi ginn, an den Nicolas Schmit hat de François Bausch op Facebook den 31. Juli "getackelt". De grénge Minister war erstaunt an iwwerrascht a sot, d'Virwërf wieren aus der Loft gegraff. Fairerweis sief gesot, datt den Nicolas Schmit säi Post op der RTL-Waltournée zu Iechternach nuancéiert huet, hien hätt just wëlle Kloe vun de Leit relatéieren ...




D'Zerfallserscheinunge waren an der Lescht awer net méi richteg ze kitten, och wa quasi all Regierungsmember brav betount huet, datt en am léifste weidermaache wéilt. Dobäi hate sech d'Wäerter an den Ëmfroen erkritt. Net ouni Hannergedanken dierft den CSV-Parteipresident Marc Spautz um Schluss vum CSV-Kongress am September massiv derzou opgeruff hunn, all Stëmm der der CSV-Lëscht ze ginn. Haaptzil wär et nämlech, net nëmmen d'CSV ze stäerken, mä derfir ze suergen, datt Blo, Rout a Gréng zesummen ënner 30 Sëtz géife kommen, soss géife si nees weider fueren – an zwar ouni d'CSV.

Vläicht suergt eise Walsystem mat der Méiglechkeet vum Panachéiere jo nach fir Spannung ... D'Äntwert e Sonndeg!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.