Fernand FehlenDe "Wee2050" leeft sech no de Walen dout

De Soziolog gesäit keng gesellschaftlech Grondlag fir extrem riets Positiounen, lueft den Asaz vun der Regierung fir d'Lëtzebuergesch an eng "lénk" Propos.

D'Identitéit war en Haaptthema virun de Chamberwalen. Mä dohannert verstoppt sech dacks e verkappten Discours iwwer Sozialfroen, dee sech net artikuléiere kann, dat seet de Fernand Fehlen iwwer den aktuellen Debat iwwer d'Lëtzebuergescht an d'Lëtzebuerger Identitéit. D'Claude Zeimetz huet mam Soziolog a Linguist geschwat, deen der Meenung ass, datt sech d'Beweegung vum Wee2050 nom 14. Oktober doutleeft.

Fernand Fehlen iwwer Sprooch an Identitéit: Rep. Cl. Zeimetz



Sou laang et dem Gros vun de Leit zu Lëtzebuerg gutt geet, argumentéiert de Fernand Fehlen, gëtt et keng gesellschaftlech Realitéit, där d'Extreme droite sech bedénge kann, sou wéi se dat beispillsweis an Däitschland oder Frankräich mécht. D'Politik a souguer d'Extremiste wieren an eisem - Zitat - "pays des bisousnours" bis ewell ganz harmlos:

"Mir wëssen all, datt eis Oppenheet a Méisproochegkeet eng ekonomesch Ressource sinn. Dogéint ka kee schwätzen. Et kann een net géint d'Auslänner sinn. Nëmmen ronn e Véierel vun der Aarbechtskraaft si Lëtzebuerger. Mir kënnen also d'Auslänner net fortschécken."

All Partei géif sech an hirem Programm zur Méisproochegkeet bekennen an an engems méi Ënnerstëtzung fir d'Lëtzebuergesch fuerderen. Der aktueller Regierung attestéiert de Fernand Fehlen, sou vill fir d'Lëtzebuergesch Sprooch gemaach ze hunn wéi nach keng virdrun, obwuel se de Sproochecongé ëm d'Halschent gekierzt huet. Wou kënnt da elo dee Fokus op eis Sprooch hier?

"Et ass eng Sequenz, déi mer elo erliewen, déi ugefaang huet mam Referendum. Dunn ass eng Petitioun komm fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Et huet sech eng Beweegung gegrënnt mam Numm 2050 an elo spillt d'Sprooch eng zentral Roll am Walkampf."

Dobäi kënnt, datt d'Politik op vill reell Problemer keng Äntwerten hätt a sech duerfir op Theme konzentréiert, wou se mengt, eng Emprise ze hunn. Doduerch kéimen identitär Froen an de Virdergrond, wéi dat och schonn a vergaangene Campagnen de Fall war.

"1989 hate mer och schonn esou e Walkampf. Dunn hate mer eng "Beweegung fir eist Land, fir eis Sprooch", huet se geheescht. Mir hate souguer eng Nationalbeweegung an allebéid hate se, wéi dës Kéier, kee grousse Succès a sinn ausgestuerwen. An deem Sënn wäert sech och de Wee 2050 doutlafen."

D'Iwwerleeungen, fir Gesetzprojete vu Franséisch op Lëtzebuergesch z'iwwersetzen an Uertschaftsschëlter prioritär op Lëtzebuergesch ze beschrëften, nennt de Linguist Symbolpolitik. Wierklech Lacunnen géif et dogéint nach an der Schoul, an där d'Hallschent vun de Kanner eng friem Mammesprooch hunn an déi zanter Joren der aktueller Situatioun net gerecht gëtt. Wat misst sech änneren?

"Wann der mech wierklech erausfuerdert, dann äntweren ech an engem Wuert: Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch. Déi eenzeg Partei, déi dat an hirem Walprogramm huet, sinn déi Lénk. Déi Lénk sinn déi eenzeg Partei, déi wierklech eng radikal Positioun en Faveur vum Lëtzebuergeschen hunn."

Bei der adr an dem Wee2050 dogéint hätt ee bei verschiddene vun hire Fuerderungen en Faveur vun der Sprooch éischter d'Gefill, et géif drëms, fir Leit auszegrenzen.

Ganzen Interview mam Fernand Fehlen - vum Claude Zeimetz



De Fernand Fehlen


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.