VIDEO: Face-à-faceJosée Lorsché (Déi Gréng) - Lex Delles (DP)

An onsem Face-à-face e Mëttwoch de Moie goung et ëm ee vun de Sujeten, deen d'Leit am meeschte beweegt: D'Educatioun!

Face-à-face: Josée Lorsché vs Lex Delles (10.10.2018)
A Face-à-face e Mëttwoch de Moie op RTL Radio Lëtzebuerg goung et ëm ee vun de Sujeten, deen d'Leit am meeschte beweegt: D'Educatioun.

Resumé: Face-à-face tëscht Josée Lorsché a Lex Delles



Déi Gréng soen d’Reform vum Educatiounsminister Claude Meisch déi lescht 5 Joer kritesch matbegleet a gedroen ze hunn. Besonnesch Kritik gëtt et net un de Reform selwer, mä un der Vitesse, wéi déi um Terrain applizéiert goufen. Dat sot déi gréng Deputéiert Josée Lorsché e Mëttwoch de Moien an eisem Face-à-face, wou déi gréng Politikerin op de Munnerefer Deputé Maire Lex Delles getraff ass. Et hätt een d’Reforme matgestëmmt, well ee se net blockéiere wollt, et bréicht een nämlech Stabilitéit am Schoulsecteur , mä et hätt ee sech méi Diskussiounen um Terrain mat den Acteure gewënscht, esou d’Josée Lorsché.

Jo et ware vill Reformen, mä et hätt ee groussen Nohuelbedarf gehat, verdeedegt de Lex Delles d’Politik vum Claude Meisch. Elo wéilt een awer méi lues weider fueren, well d’Reformen um Terrain gräife mussen, an dofir bréicht een Zäit, fir datt se sech richteg entfalen. Deemno wéi kéinten awer hei an do kleng Upassunge gemaach ginn.

Ee Sujet, wou sech béid Politiker net eens waren, ass d’Manéier wéi een de Stellewäert vun den Enseignanten nees wëll retabléieren. Dee Beruff hätt an eiser Gesellschaft d’Positioun verluer, déi en emol hat. Wéi wëllen d’Parteien de Beruff nees méi attraktiv maachen? Do huet d’Josée Lorsché gemengt, datt Enseignanten d’Méiglechkeet vun enger Spezialisatioun sollte kréien.  DP dogéint setzt sech an fir den Enseignant generaliste.

Bei der Alphabetisatioun mengen déi Gréng, datt déi och op Franséisch soll méiglech sinn, wann dat a gewëssene Fäll néideg ass. Si géife sech op jiddwer Fall net do virdrunner verschléissen. DP hirersäits ass dofir, datt d’Alphabetisatioun op Däitsch gemaach gëtt.

Face-à-face: Josée Lorsché vs Lex Delles



De Face-à-face géint 15 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay vun der Emissioun ze fannen ass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.