Claude Wiseler live"Näischt ass gewonnen, alles bleift ze maachen"

Et war de groussen Ofschloss vu "Claude Wiseler live" en Donneschdeg den Owend am Tramsschapp an der Stad.

© Carine Lemmer
D'CSV huet e Plang fir Lëtzebuerg an dee Plang wollte se virstellen. Si sinn zouversiichtlech, an awer och nervös. Si gi sech determinéiert, mä um Zil si se nach net.

D'CSV hat en Donneschdeg den Owend am Tramsschapp an der Stad hir grouss Ofschloss-Versammlung: Déi 4. Editioun vu "Claude Wiseler live", dës Kéier mat de 60 Kandidaten hannert him live um Podium.

Claude Wiseler live / De Resumé vum Carine Lemmer


De Sall war strubbelvoll, 300 Still ware gesat an d'Leit stoungen nach bis zur Dier eraus. "Näischt ass gewonnen, alles bleift ze maachen", war de Message en Donneschdeg den Owend.

Neies gouf een net gewuer: De Claude Wiseler huet seng Iddie fir d'Land presentéiert, sachlech, awer bestëmmt. Wat wäre seng Prioritéiten? Eng kohärent – a méi eng kleng Regierung - war seng 1. Äntwert. 18 Leit wieren ze vill, dat hätt een an deene leschte 5 Joer gemierkt.

Richteg gutt, géif et ëm goen, sot um Bord vun der Versammlung de Spëtzekandidat selwer. Frou awer, wann et eriwwer ass, net wéinst dem ville Stress, mä well et elo schonn e puer Wochen dauert, wou een dacks vu moies 8 bis nuets um 12 engagéiert ass.

De Message en Donneschdeg den Owend bei der CSV war kloer: Si bräichten all Stëmm. D'Angscht ass grouss, datt awer nees eng Koalitioun géint si kéint gemaach ginn.

D'Leit, déi lauschteren a kucke komm waren – majoritär souwisou der CSV gutt gesënnt - an all mat enger CSV-Posch, Block, Bic a Bläistëft versuergt, waren no der Versammlung vu knapp zwou Stonnen iwwerzeegt vum CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler.

Reaktiounen no der CSV-Versammlung



© Carine Lemmer


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.